Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
search

/ Wéi gesäit d'Zukunft vum Biogas aus?

Erneierbar Energien

Wéi gesäit d'Zukunft vum Biogas aus?

Enn 2015 ass d'Biogasanlag zu Jonglënster als lescht Anlag a Betrib gaangen. Alles an allem mécht Biogas fënnef Prozent vun erneierbare Energien zu Lëtzebuerg aus. Trotzdeem ass de Glawen an des Aart a Weis Stroum ze produzéieren nach héich. Eng Strategie déi déi fréier Regierung ausgeschafft huet an un der déi nei Regierung och festhält, soll do aushëllefen.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
V.l.n.r.: Jean Schummer, Alex Kieffer, Jerôme Fries, Georges Reding (Foto: Morgane Weidig)

Mat Biogas gëtt et zwou Optioune fir Energie hierzestellen. E kann entweeder an dat lokaalt Äerdgasnetz gespeist ginn, dofir muss de Biogas als éischt awer propper gemaach ginn. Déi aaner Méiglechkeet ass Stroum domat ze produzéieren, wou als Nieweprodukt och Wiermt entsteet. Well et zu Jonglënster keen Äerdgasreseau gëtt, produzéiert d'Biogasanlag hei also Stroum a Wiermt.

Vir- an Nodeeler vu verschiddene Matièren

Fir Biogas ze produzéiere gëtt et dräi verschidde Matièren, erkläert den Alex Kieffer, ee vun den zwee Gerante vun der Anlag zu Jonglënster. Gülle a Mëscht, Bio-Offäll an Energieplanzen.

Dobäi gëtt net all Matière t'selwecht vill Energie hier. Eng Tonn Gülle beispillweis generéiert just 20 Meterkibb. Mëscht par conter schonn dräi mol méi a bei Energieplanze géif den Ertrag vun enger Tonn souguer bei 600-700 Meterkibb leien, betount den Alex Kieffer.

Mee virun allem Energieplanzen sinn deelweis kontestéiert, mam Virwand, datt Landwirtschaftlech Fläch net fir anere Zwecker ausser der Liewensmëttelproduktioun soll genotzt ginn.

Mëscht ass eng vun dräi Matièren, déi op Biogasanlage benotzt ginn. | © Morgane Weidig
Mëscht ass eng vun dräi Matièren, déi op Biogasanlage benotzt ginn. (Foto: Morgane Weidig)

Fokus läit op Gülle

D'Anlag zu Jonglënster setzt ëmmer méi op Gülle, betount den Alex Kieffer. Eben och fir méiglechst vill vum sougenannte Güllebonus kënnen ze profitéieren. 

De Güllebonus soll als Incentive wierken. Och wa Gülle bei wäitem am mannsten Erträg generéiert, soll virun allem dorop an Zukunft de Fokus geluecht ginn. Dat aus ekologesche Grënn: doduerch kann nämlech och de Methan deen duerch Mëscht entseet reduzéiert ginn, erkläert de Georges Reding.

De Güllebonus ass dann och méi héich, wann d'Bedreiwer méi Gülle asetze fir Biogas hierzestellen.

Méi Anlagen an Zukunft

Duerch de Fokus op Gülle ass den Ausbau vun der Produktioun zwar begrenzt. Trotzdeem ass virgesinn, datt weider kleng -, mëttelgrouss a grouss Anlage gebaut ginn. Virun allem déi kleng Anlage sollen och Landwirtschaftlech Betriber sech zouleeë kënnen. Fir déi Anlage sollen et och Investitiounshëllef ginn.

Lauschterenplay_arrow