Radioen

On air

Notturno  |  Q Lazzarus - Goodbye Horses

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi hu Schüler:innen den Debat vun den Europawale-Spëtzekandidaten erlieft?

Eurovision Debate

Wéi hu Schüler:innen den Debat vun den Europawale-Spëtzekandidaten erlieft?

5 Spëtzekandidate fir d’Europawalen hunn zu Bréissel debattéiert. Den Debat war live ze suivéieren och am Erliefneszenter Europa um Kierchbierg. An do waren och véier interesséiert jonk Spectatricë, déi och nach guer net wiele kënnen.

auto_stories

2 min

headphones

5 min

play_arrow
Foto: European Union

Ënnert de ronn 45 Leit am Public gëschter Nomëtteg ware 4 Lycée-Schülerinne vun den Troisièmes- an Deuxièmes-Klassen aus dem Lycée Aline Mayrisch.

Sech fir Zukunft virbereeden

Si hu sech dëst Schouljoer fir d’Optioun “Europa” entscheet, a sinn deementspriechend éischter vill un de politeschen Diskussioune ronderëm d’Europawalen interesséiert.

An dat, obwuel déi meescht vun hinne selwer nach net wiele kënnen. Et géif drëms goen sech fir d‘Zukunft ee Bild ze maachen. Iddie vun de Parteien ze kréien a preparéiert ze sinn, wa si selwer wiele kann, erkläert eng vun de Schülerinnen.

Iwwerdroe gouf den Debat op engem grousse Bildschierm am Multimedia-Raum vum Erliefneszenter Europa. De Public souz an engem groussen Hallefkrees, wéi wa si selwer am Europaparlament wieren.

Et huet u Léisungsvirschléi gefeelt

Wärend dem Debat war am Raum eng grouss Konzentratioun ze spieren. Quasi jiddereen huet opmierksam op de Bildschierm gekuckt. Gepëspers oder gréisser Reaktiounen op déi verschidden Aussoe vun de Politiker gouf et am Public um Kierchbierg keng.

D’Kandidate waren an den Ae vun de Schülerinne gutt preparéiert. Déi zwou Stonnen hu fir si laang a vollgepaakt mat Informatioune gewierkt, an awer huet de Schülerinnen eppes gefeelt:

“Trotzdeem hunn ech fonnt, datt et net genuch Solutioune waren, déi proposéiert goufen. Mee éischter einfach Theemen ugeschwat.“

Interesse um Klimaschutz huet dominéiert

Ënnert den Theemen, un deenen d’Schülerinne bei dësem Debat besonnesch interesséiert waren, huet virun allem de Klimaschutz dominéiert.

Mee och aner Sujete waren dobäi. Dorënner och den Debat iwwer Rietspopulismus an d‘Immigratioun, oder nach den Aggressiounskrich an der Ukrain.

Einfach ze suivéieren och ouni Virwëssen

D’Schülerinne waren „iwwerrascht wéi professionell dësen Debat organiséiert war“. D’Politiker hu sech gréisstendeels un hir Riede-Zäite gehalen an hu sech net géigesäiteg ënnerbrach.

Dat wier ee vun anere politeschen Debaten net sou gewinnt, huet eng vun de Schülerinne betount. Doduerch hätt een alles gutt suivéiere kënnen, och wann een net bei all Sujet vill Virwësse matbruecht huet.

Um Wal-Owend den 9. Juni selwer wäert dann am Erliefneszenter Europa ee weidert Evenement sinn, do ginn dann déi éischt Resultater vun den Europawale live iwwerdroen. Och déi véier Schülerinne waarden elo scho gespaant drop, wéi de Scrutin wäert ausgoen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europawalen
Politik a Gesellschaft