Radioen

On air

Notturno  |  Ananda Grows - Die Zufällige Explosion Des Nichts

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weltbank: Amazonas-Bësch siwe Mol méi wäert wéi seng Zerstéierung

Amazonas

Weltbank: Amazonas-Bësch siwe Mol méi wäert wéi seng Zerstéierung

De verbleiwenden Amazonas ass siwe Mol méi wäert wéi d’onbegrenzt Ausbeutung vu senge Ressourcen. Dës Schätzung kënnt vun der Weltbank a gouf vum Johannes Zutt, Direkter vun där Organisatioun fir Brasilien, am Kader vun den Erausfuerderunge vun der COP 28 zu Dubai nees opgegraff.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Amazônia Real / Flickr

D’Weltbank hat sech scho fir een drastescht Iwwerdenke vum Entwécklungsmodell fir d’Regioun vum Amazonas ausgeschwat. Den erhalenen Urwald wier Schätzungen no op d’Mannst 290 Milliarden Euro pro Joer wäert.

De Wäert vum Amazonas

De sougenannte Wäert vun de verbleiwende Bëscher an der Regioun bezitt sech op verschidde Facteuren: d’Späicherung vun CO2, de Reen, deen d’Landwirtschaft um ganze Kontinent ënnerstëtzt, d’Ressourcë vun der Biodiversitéit an hire pharmazeuteschen Notzen, an och Déngschtleeschtungen, déi ouni Deforestatioun stattfanne kënnen. Dorënner géifen ënner anerem nohaltege Biergbau an den Tourismus falen.

D’Kuelestoffspäicherung géif am meeschten an d’Wo falen. Den Amazonas späichert op d’Mannst 500 Tonnen CO2 pro Hektar. Bei engem internationale Präis vu 36 Euro pro Tonn CO2 wieren dat 190 Milliarden Euro am Joer.

Op zweet Stell fält d’Existenz vum Bësch selwer a vu senger Biodiversitéit. Ronn 60 Milliarde soll d’Natur an der Regioun wäert sinn, dat baséiert op Meenungsëmfroen déi an enger Rei Länner ënnerholl gi sinn.

Mat 10 Milliarden Euro d’Joer droen och déi vum Urwald gefërdert Ëmweltleeschtunge bäi. Dozou gehéieren zum Beispill d’Regulatioun vum Waasser, vum Klima a vum Brandschutz.

Ënner anerem droen awer och d’genetesch Ressource vum Amazonas e Wäert vun 9 Milliarde bäi, dat well dës fir pharmazeutesch Zwecker benotzt kéinte ginn. Och nohalteg Verwendung vu Produiten ewéi Kautschuk, Paranëss an aneren hunn en Undeel vun 8 Milliarden Euro, obschonn dës net ursprénglech aus dem Bësch kommen.

Déi aner Säit

D’Pläng fir den Urwald am Amazonasgebitt duerch Véizuucht ze ersetze géifen de Rechnunge vun der Weltbank no tëscht 23 a 70 Milliarden Euro d’Joer abréngen. D’Ofholze vum Bësch an de Biergbau géifen 8 bis 13 respektiv 7 Milliarden Euro abréngen.

Déi dräi Ausbeutungsusätz géifen domat tëscht 38 an 90 Milliarden Euro d’Joer erwirtschaften.

Fazit vum Johannes Zutt

Den aktuelle Modell géing de Mënsch géint d’Natur opstellen, an domat méi Wuelstand zerstéieren ewéi schafen. Den Direkter vun der Weltbank fir Brasilien huet der Zeitung Estadao de Sao Paolo géigeniwwer betount, datt d’Amazonasgebitt mam aktuelle Kurs engem Wendepunkt ëmmer méi no kéim, no deem de Bësch seng Capacitéit verléiere géif, sech selwer ze erhalen.

D’Brasilianescht Amazonasgebitt erstreckt sech iwwer méi wéi 500 Milliounen Hektar an ass domat méi grouss wéi d’Europäesch Unioun. De Johannes Zutt fäert, datt de Bësch an Zukunft net méi genuch Ree kéint produzéieren, fir sech selwer um Liewen ze halen.

Lauschterenplay_arrow


Korrespondent: Jean-Claude Gerez

Text: Kevin Nilles