Radioen

On air

Notturno  |  This Is The Kit - All Written Out In Numbers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weltdag géint Homo-, Trans- a Biphobie

LGBTQIA+

Weltdag géint Homo-, Trans- a Biphobie

Haut um 17. Mee ass de Weltdag géint d‘Homophobie, d‘Transphobie an d‘Biphobie. An engem internationalen europäesche Ranking vum "ILGA Europe" ass Lëtzebuerg op der 7. Plaz wat LGBTQI+ Frëndlechkeet ugeet.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
De Reeboufändel ass dat internationaalt Zeeche fir d'LGBTQIA+ Communautéit (Foto: Archiv)

Och zejoert war Lëtzebuerg an dësem Ranking schonn op der 7. Platz, huet sech awer ëm 2 Punkte verbessert. Dat haaptsächlech, well et Verbesserungen an de Beräicher Asyl an Adoptiounsrecht gouf.

Fir dëse Ranking opzestellen, vergläicht d’Associatioun ILGA Europe d’Gesetzer an d’Richtlinnen an am ganzen 49 Länner an dat opgedeelt an thematesche Kategorien. Dorënner rechtlech Unerkennung vum Geschlecht, Haassverbriechen, intersexuell kierperlech Integritéit, Gläichstellung an Net-Diskriminéierung.

Nationalen Aktiounsplang fir LGBTIQ+ Rechter

Dëst Joer steet Malta, wéi och schonn déi lescht 8 Joer, op der éischter Platz, virun Island an der Belsch. Op der 49. a leschter Plaz steet Russland.

D’Ministesch fir Gläichstellung, d'Yuriko Backes, freet sech doriwwer, datt Lëtzebuerg am Domaine vun den LGBTIQ+ Rechter zu deene fortschrëttleche Länner gehéiert. Gläichzäiteg weist si sech an engem Communiqué besuergt iwwer d’Verbrieche géint queer Mënschen, déi ëmmer méi zouhuelen. Zesumme mat deenen anere concernéierte Ministèren, wéilt d’Yuriko Backes ënnert anerem dofir suergen, datt den éischten nationalen Aktiounsplang fir LGBTIQ+ Rechter vun 2018 ugepasst gëtt. D’Regierung géif sech weider fir d’Wäerter an d’Egalitéit vun alle Mënschen asetzen. 

Neien Institut

Haut um Weltdag géint d’Homophobie gouf iwwerdeems den “Luxembourg Institute for LGBTIQ+ Inclusion” – kuerz LILI vum CIGALE-Zenter virgestallt. Dës Institutioun huet ënnert anerem d’Zil, Donnéeën iwwert LGBTIQ+ Phobien a feindséileg Aktioune géint queer Persounen ze sammelen, an och, konkret Recommandatiounen un d’Zivilgesellschaft an un d’Politik ze formuléieren, fir d’Inklusioun ze fërderen.

17. Mee 1990 

Den Dag géint d'Homo-, Trans- a Biphobie soll déi Mënschen an de Vierdergrond setzen, déi zum Beispill op Grond vun hirer sexueller Orientéierung Mobbing a Diskriminatioun mussen erliewen. 

Deen Dag geet op de 17. Mee 1990 zeréck. Deemools huet d'Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) d'Homosexualitéit vun der Lëscht fir psychesch Erkrankungen erof geholl. 

Lauschterenplay_arrow