Radioen

On air

Notturno  |  Alogte Oho & His Sounds Of Joy - La Ka Ba'a

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Whistleblowerin schreift iwwert oneethesch Praxissen a schockéierend Zoustänn bei Meta

"Careless People"

Whistleblowerin schreift iwwert oneethesch Praxissen a schockéierend Zoustänn bei Meta

Sidd Dir vill op Facebook an Instagram ënnerwee? A gesitt Dir do och heiansdo Reklammen, déi op Iech perséinlech ugepasst wierken? Am neie Buch iwwert Meta, d‘Firma vum Mark Zuckerberg, schreift d’Whistleblowerin Sarah Wynn-Williams iwwert Praxissen an déi schockéierend Zoustänn, déi si als Director of Public Policy an der Firma erlieft huet.

auto_stories

4 min

headphones

6 min

D'Buch "Careless People" vun der Sarah Wynn-Williams | © Claire Barthelemy play_arrow
D'Buch "Careless People" vun der Sarah Wynn-Williams (Foto: Claire Barthelemy )

De Mark Zuckerberg, den CEO vu Meta, hat 2018 virum amerikanesche Senat behaapt, datt Facebook eng idealistesch an optimistesch Firma wier, déi Fokus op all dat Gutt, wat d’Connectéiere vu Leit mat sech bréngt, leet. A Wierklechkeet géif et der Firma awer virun allem ëm den Ëmsaz goen, an eethesch a moralesch Froe géifen hie wéineg beschäftegen. Dat behaapt d’Whistleblowerin Sarah Wynn-Williams, déi 6 Joer bei Meta geschafft hat an déi Zäit elo an hirem Buch ‘Careless People’ beschreift.

Teenager ginn an hire schwächste Momenter cibléiert

Zum Beispill ka Meta mat sengen Apps wéi Facebook an Instagram geziilt Teenager cibléieren, fir hinnen a Momenter wou si sech net gutt fillen, Reklammen ze weisen. Wa Jugendlecher Wierder benotze wei “wäertlos”, “genervt” oder “domm,” da ka Meta dës Informatioun u Firme weiderginn, déi Diät- oder Schéinheets-Produkter verkafen. Déi Firme kënnen déi Informatiounen dann notzen, fir deene Kanner geziilt hir Reklammen ze spillen. Facebook gesäit esouguer, wann ee Meedchen zum Beispill e Selfie ropluet an dann direkt erëm läscht. Dat wier de perfekte Moment fir deem Meedchen sou eng Reklamm ze affichéieren, erkläert d’Sarah Wynn-Williams.

Date vun Notzer sammelen a verkafen ass de Business Modell vu Meta

Wéi australesch Journalisten dat 2017 opgedeckt haten, sot Facebook, datt dat net stëmme géif. Eng Ausso, déi verschidde Mataarbechter:innen awer enttäuscht huet deemools, seet d’Sarah Wynn-Williams. Schliisslech wier et jo awer d‘Geschäftsmodell vun der Firma, datt se esou präzis Daten iwwert d‘Leit kënnen ubidden.

"One of the top ad executives for Australia calls me late one night to complain. Why are we putting out statements like this? he wants to know. "This is the business, Sarah. We're proud of this. We shout this from the rooftops. This is what puts money in all our pockets. And these statements make it look like it's something nefarious." 

Et géif schlecht ausgesi virun de Clienteë, déi Reklamme schalte wëllen, wann d’Firma behaapt, datt se keng geziilte Reklamme bei hiren Notzer verwennt. Dat soll dee selwechte Member vum australeschen Aarm vu Meta dem Sarah Wynn-Wiiliam um Telefon gesot hunn. Virun allem d’Notzer am Alter tëschent 13 a 17 Joer wieren eng wichteg Tranche u Leit op Facebook fir Reklammen ze schalten.

Eng Plattform voller Desinformatioun

Facebook spillt och an der Politik eng grouss Roll. Nodeems den Donald Trump d‘Wale vun 2016 gewonnen hat, ass an Amerika oft vun der “Facebook Election” riets gaangen, well d‘Republikaner immens vill Reklammen op Facebook kaaft haten. Et koum 2018 dunn och eraus, datt dem Trump seng Campagne duerch d’Firma Cambridge Analytica Facebook-Profiler vun amerikanesche Wieler gesammelt hat, fir eng Software ze kreéieren, déi Wieler ganz präzis cibléiere konnt. Et gouf der Campagne och virgeworf, Fake News verbreet ze hunn.

Dat Ganzt hätt sech gutt gelount fir den Donald Trump. Facebook wier genau fir sou ee Gebrauch gemaach, seet d‘Sarah Wynn-Williams. Contenu, deen d’Leit rose mécht, géif sech nämlech immens gutt op Facebook verbreeden.

"Facebook rewards outsider candidates who post inflammatory content that drives engagement. We charge less money for ads that are more incendiary and reach more people. Trump is using our system the way it's designed to be used. From my point of view, that's incentivizing and rewarding the worst kinds of political ugliness."

D‘Buch ass an Amerika zum Bestseller ginn, an dat obwuel Facebook d‘Verëffentlechung wollt stoppen. D‘Sarah Wynn-Williams beschreift och schrecklech Zoustänn op hirer fréierer Aarbechtsplaz, wou Sexismus, Mobbing a Belästegungen Usus si sollen.

Meta wëll China Mëttel zur Iwwerwaachung ginn

Ganz brisant war an Amerika och deen Deel am Buch, dee beschreift, wei enk Facebook mat der kommunistescher Partei a China zesummeschafft. 

Dem Mark Zuckerberg wier et ëmmer immens wichteg gewiescht, datt Facebook den Duerchbroch a China mécht, schliisslech géing dat fir d‘Plattform e risege Wuesstem bedeiten. 

Fir d‘Chineesesch Regierung ze iwwerzeegen, hätt Meta u spezieller Software geschafft, déi der kommunistescher Partei d’Kontroll iwwert d‘Populatioun sollt ginn. Et goung ëm Gesiichtserkennung op de Fotoen an Zensur-Methoden, bei deene Leit aus der Regierung selwer bei Facebook hannert de Knäppercher sëtze géingen. Facebook huet et schlussendlech net a China gepackt. Trotzdeem mécht Meta ee risegen Ëmsaz do, well chineesesch Firme Reklammen op der Plattform kafen an och Leit cibléiere kënnen. 

Och an der Course em Kënschtlech Intelligenz hätt Meta China gehollef, sou d‘Sarah Wynn-Williams an enger Senat-Sëtzung ugangs Abrëll. An deem Sënn hätt Meta d‘national Sécherheet vun den USA ëmmer rëm ënnergruewen. Lo wou mer wéissten, wat Sozial Medien uriichte kënnen, wier et wichteg, datt mer besser op di grouss technologesch Revolutioun vun der KI virbereet wieren. Dat hat d’Sarah Wynn-Williams an engem Interview mat 60 Minutes Australia gesot.

Facebook huet ronn 3 Milliarden User, an Instagram ronn 2 Milliarden. D‘Servicer vu Meta sinn also nach ëmmer immens beléift. Grad dofir ass et wichteg, datt ee weess, wéi dës Plattforme funktionéieren a wat d’Motivatioune vun de Firme sinn, déi dës Servicer ubidden. ‘Careless People‘ vum Sarah Wynn-Williams gëtt engem do ganz wäertvoll Abléck.

Lauschterenplay_arrow