Radioen

On air

Kultur um 5  |  Rethinking photography mat Serge Ecker a Patrick Galbats

play_arrow Live
search

/ Wunnengsbau: Eng Offer déi net gräift

"Prolog"

Wunnengsbau: Eng Offer déi net gräift

An der Suite vum Logementsdësch am Februar zejoert hunn déi 5 Lëtzebuerger Banke Spuerkeess, BIL, Raiffeisebank, Banque de Luxembourg an SNCI, ënnert dem Impuls vun der ABBL eng Initiativ geholl, déi op den Numm Prolog gedeeft gouf. Dohannert verstoppt sech en Instrument, dat de Promoteuren en Deel vum Risiko bei der Realisatioun vu VEFA-Projete sollt ofhuelen. Vun den 250 Milliounen Euro déi fir de Projet prett stinn, gouf bis elo awer nach keen Euro ofgeruff.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

play_arrow

Doduerch, datt Prolog d’Garantie gëtt, déi Wunnengen ofzekafen, déi de Promoteur net lass ginn ass, wann d’Residenz fäerdeg ass, soll méi séier kënne gebaut ginn. Fir kënne mam Bau unzefänken, also fir déi dofir néideg Sue kënne geléint ze kréien, mussen am Prolog-Modell och net wéi üblech schonn 80 Prozent vun de Wunnengen um Plang verkaf sinn, mee vill manner, erkläert de Jerry Grbic, de CEO vun der ABBL.

An enger éischter Phas hate mer jo gesot, den Taux de prévente bei de Vefa misst op 50 % sinn. Mir hunn dem Marché nogelauschtert, mir hu mat de Promoteure geschwat an de Consensus war ze soen, dat misst éischter bei 30 Prozent leien. Dat hu mer dunn Enn des Joers gemaach.“

Nodeems een zousätzlech e puer Informatiounsseancen zesumme mat der Chambre Immobilière gemaach huet, hätt een elo och "tëscht 5 an zéng Dossieren an der Analys".

Projet kennt net un d'Rullen

Mee bis ewell ass nach keen eenzegen an de Bau gaangen, sou datt vun den 250 Milliounen Euro, déi Prolog zur Verfügung huet, nach keen eenzege Cent ausgi ginn ass. Dat erstaunt de Jerry Grbic, hien ass der Meenung, datt d‘Ënnerstëtzung vu Prolog eng gewëss Confirmatioun ass, datt de Projet viabel ass an datt en och gebaut gëtt.

"An dat heescht, de Client, deen dann ënnerschreift, weess wéini ee säin Appartement kritt, am Bau ass ëmmer e Risiko nach do, e Reschtrisiko, dee kréie mer net ewech, mee ech mengen déi Confiance, datt iwwerhaapt gebaut gëtt an datt een dat fir e gewëssene Präis, deen ausgemaach ass kritt, an engem gewëssenen Delai, dat wëlle mir mat Prolog maachen."

VEFA-Projeten ze deier par rapport zum Existant

Wann ee sech d‘Statistike géif ukucken, da géif ee gesinn, datt de Volume vun der Transaktioune beim Existente bal erëm um Niveau wéi virun der Kris ass. An et géif een och gesinn, datt d‘Präisser sech stabiliséiert hunn an déi existens Präisser eropginn.

"Wann een dat einfach esou vergläicht, och de Präis tëschent dem Prix moyen existant a Vefa, do sinn nach grouss Ënnerscheeder. Déi waren virun der Kris 2019 louchen déi ronn bei 1.100 Euro an haut leie mer do bei 1.150 Euro."

De Metercarré am VEFA ass also bal 2.000 Euro méi deier wéi deen am Existant. Déi Differenz kéint deemno eng Erklärung sinn, firwat d’Offer vu Prolog bis elo net wierklech beusprocht ginn ass. Mee vläicht kënnt dat jo nach. Woubäi d’Zäit sou lues knapp gëtt. An 2 Méint leeft d’Offer vun de 5 Banken un d’Promoteure vu VEFA-Projeten nämlech am Prinzip aus.

De Conseil d'administration vu Prolog muss dat decidéieren. Stand haut ass, dass gesot ginn ass, wann d'Hëllefe vum Staat op den 30.06 ophalen, dann hält och d'Offer vu Prolog op.“

Lauschterenplay_arrow