Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Xavier Bettel zu Warschau

EU-Ausseministeren

Xavier Bettel zu Warschau

D‘EU-Ausseministere kommen haut um Mëttwoch a muer Donneschdeg an der polnescher Haaptstad Warschau fir eng informell Reunioun zesummen. De Xavier Bettel ass fir Lëtzebuerg mat derbäi. Haaptsujet um Mëttwoch ass déi aussepolitesch Zesummenaarbecht tëschent der EU a Groussbritannien. Dofir ass och de britteschen Ausseminister David Lammy beim Treffen derbäi.

auto_stories

1 min

© Serge Kesseler
(Foto: Serge Kesseler)

Muer um Donneschdeg geet et dann iwwer de russeschen Ugrëffskrich géint d‘Ukrain an d‘Relatiounen tëschent der EU an den USA, esou e Communiqué vum Lëtzebuerger Ausseministère.