Radioen

On air

Owesconcert  |  Trouvez l'intrus!

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ZEFI: D'Theema Inclusioun gouf am Walkampf vernoléissegt

Chamberwalen 2023

ZEFI: D'Theema Inclusioun gouf am Walkampf vernoléissegt

D’Theema Inclusioun gouf an dësem Walkampf vernoléissegt. Zu dësem Constat kënnt d’ASBL Zesumme fir Inclusioun – kuerz ZEFI. Am Virfeld vun de Walen huet dës ee Fuerderungskatalog zesummegestallt. Ronn 15 Prozent vun der Lëtzebuerger Populatioun si Mënsche mat spezielle Besoinen. Dëst dierften net vergiess ginn, mengt d’Presidentin Martine Kirsch.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture alliance / zb

Um Beispill vun der Educatioun géif ee mierken, dass et un konkrete Mesure feelt, sou d’Martine Kirsch. Oft géif den Elteren ze vill Drock gemaach ginn, fir d’Kanner an d’centres de compétences ze schécken. Si ass der Meenung, datt op déi Manéier d’Kanner mat spezifesche Besoinen nëmmen nach méi vum gesellschaftleche Liewen ausgeschloss ginn. D’ZEFI-Presidentin fuerdert, déi adequat Betreiiungsstrukturen an de Schoule misste vill méi ausgebaut ginn.

"Firwat kënnen d’Kanner net all zesummen an d’Schoul goen? Ech mengen de Ministère huet jo och une école pour tous, do hu si jo lo déi Campagne gestart. Mee dat ass eng Saach wéi een et interpretéiert: ënner une école pour tous versti mir, datt all Kanner an déi selwecht Schoul ginn."

Manktum u spezialiséiertem Personal

D'Martine Kirsch kritiséiert, et géif nach ëmmer net genuch gemaach ginn, fir d’Barrièren ofzebauen, deene Mënsche mat Behënnerung am Alldag begéinen. Virun allem am Gesondheetswiese géif et e Manktem u spezialiséiertem Personal ginn, fir mat Mënsche mat spezielle Besoinen ëmzegoen. E weidere Kritikpunkt vun der ASBL ZEFI ass, datt d’Assurance Dependance nëmmen déi essentiel Saache couvréiert. Hei wier eng dringend Reform néideg.

“D’Assurance Dependance couvréiert jo just wäschen, undinn, iesse ginn, esou Saachen. Mee bon dat hänkt vu Fall zu Fall of. Et gi Leit, do geet dat dann och duer, mee bei anere geet dat absolutt net duer. Ech denken do un een deen um Sauerstoff hänkt, do muss jo awer 24/24 eng Kontroll sinn. Zum Beispill.”

De Fuerderungskatalog hätt d’ASBL ZEFI och un déi politesch Responsabel weidergeleet, sou nach d’Presidentin Martine Kirsch.

Lauschterenplay_arrow

Chamberwalen 2023
Edukatioun
Gesondheet
Wëssenschaft