Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Prelude To Ecstasy: Zäit fir e Rock-Revival

Album vun der Woch

Prelude To Ecstasy: Zäit fir e Rock-Revival

Ob Queen, Abba oder Led Zeppelin – Tribute-Bands sinn de Moment därmoosse beléift, datt hir Concerten dacks méi séier ausverkaaft sinn, wéi fréier d‘Optrëtter vun den „Originaler“. Deen Trend huet sech déi jonk brittesch Formatioun The Last Dinner Party zu Notze gemaach a vernäipt sech op hirem éischten Album virun de ganz Groussen aus dem Rock-Olymp.

auto_stories

3 min

An den 12 Stécker vun „Prelude To Ecstasy“ gi Queen genee esou zitéiert wéi Abba, den David Bowie oder T.Rex. Et verwonnert dann och net, datt d‘Gittaristin Emily Robert tatsächlech fréier als Brian May mat enger Queen-Coverband opgetrueden ass.

De Londoner Quintett léisst keent vun de klassesche Motiver aus dem Rock-Kanon aus: et feelt weeder u Gittarsoloen nach u bombastesch-orchestrale Sträicherarrangementer. A souguer eng Querflütt erkléngt hei.

Gelongent Jongléiere mat Klischeeën

Wéi en opulente Banquet sollt den éischten Album kléngen, zu deem d‘Museker*innen all hir Idoler agelueden hunn, vun der Grace Jones bis zum Oscar Wilde. Alles keng Perséinlechkeeten, déi fir hiren Understatement bekannt sinn oder waren. Dat Konzept iwwerdréit sech dann och op d‘Live-Optrëtter, bei deenen The Last Dinner Party mat Virléift an opwännege Kostümer optrieden, wat un d‘Inzenéierunge vun engem Elton John denke léisst.

 

Dat alles zesumme kéint séier ze vill des Gudde ginn, zum Gléck feelt et der Band ronderëm d‘Frontfra a Songschreiwerin Abigail Morris net un Ironie. Si jongléiere mat Klischeeën an dat Iwwerdriwwent huet hei ëmmer och eppes Spilleresches. „There‘s candle wax melting in my veins“ heescht et esou am Titel „Burn Alive“, wat wuel nëmmen ironesch ze verstoen ass. An den Texter vun „The Feminine Urge“ a „Beautiful Boy“ kéieren d‘Museker*innen déi Erwaardungen ëm, mat deene Fraen am Musekbusiness nach ëmmer konfrontéiert sinn. The Last Dinner Party ass iwweregens och net begeeschtert doriwwer, wann si pauschal als Girlband bezeechent ginn – ee Member definéiert sech d‘ailleurs als net-binär.

Ënnerschiddlech staark Titelen

Net all Lidd op „Prelude To Ecstasy“ erfëllt d‘Erwaardungen. D‘Singlen „Nothing Matters“ an „Sinner“ begeeschtere mat originellen Afäll a grousse Refrainen, wärend aner Titelen e bëssen offalen.

Den Drock op d‘Band war an hirer Heemecht am Virfeld vun der Verëffentlechung risegrouss: eréischt 2021 gegrënnt, hunn si 2022 schonn als Virgrupp vun de Rolling Stones gespillt a goufe vun der séier euphorescher brittescher Musekspress direkt emol mat der Rettung vun der Rockmusek beoptraagt. En zäitlose Klassiker ass „Prelude To Ecstasy“ nach net – dofir awer eng Scheif, déi beim Lauschteren einfach Spaass mécht, virun allem duerch déi onbeschwéiert Manéier, wéi hei dat lescht halleft Joerhonnert vun der Museksgeschicht gefeiert gëtt.