Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Zentralbank presentéiert hiren Avis zum Projet de Loi fir de Staatsbudget

Staatsbudget

Zentralbank presentéiert hiren Avis zum Projet de Loi fir de Staatsbudget

Déi Lëtzebuerger Zentralbank huet den Deputéierten aus der Chamber-Finanzkommissioun de Mëtteg hiren Avis zum Projet fir de Staatsbudget 2024 an zur pluriannueller Finanzprogrammatioun bis 2027 presentéiert. Déi Projete sollen dann an enger Woch vun der Chamber gestëmmt ginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Archiv

D’Zentralbank hätt eng ganz Analys virgestallt, mat engem makroekonomeschen Deel, ënner anerem zur Entwécklung vun der Wirtschaftsleeschtung aus de leschte Joren, esou d’Presidentin vun der Finanzkommissioun Diane Adehm no der Sitzung.

„Net ëmmer sou gutt wéi ee menge kéint“

Dank de Banke wier de PIB am Joer 2021 gewuess, hätt d’Zentralbank festgestallt. An de Joren 2020 an 2023 hätt et hei am Land eng liicht Rezessioun ginn.

„Dat heescht datt et awer elo net ëmmer esou gutt ass, wéi een dobausse menge kéint.“

Steierrecettë vu Privatpersoune klammen

Esou d’Presidentin vun der Finanzkommissioun an CSV-Deputéiert Diane Adehm. Donieft hätt d’Zentralbank an hirer Analys, d’Entwécklung vun de Recette vum Staat ënnert d’Lupp geholl.

D‘Steierrecettë vun de Privatpersoune wäerten deemno kontinuéierlech iwwer déi nächst Joer klammen. An der Moyenne ëm déi sechs Prozent.

D‘Ausgabe ginn net zeréck

Eng vun den Haaptfeststellunge vun der Lëtzebuerger Zentralbank wier, datt d’Ausgabe vum Staat net zréck ginn, esou den LSAP-Deputéierte Franz Fayot. Grad wéi de Rechnungshaff, geséich also och d’Zentralbank am Budgetsprojet net, wou soll gespuert ginn.

„Dat deckt sech och mat deene Froen, déi mer un déi verschidde Ministere gestallt hunn am Kader vum Budget 2024. Do ass bei kengem iergendeng Reduktioun ze gesi bei den Depensen."

D’Finanzkommissioun plangt hire Rapport iwwert d’Projete fir de Staatsbudget 2024 a fir d’Finanzprogrammatioun bis 2027 dëse Freideg unzehuelen. Dës Projete sollen dann een Donneschdeg an enger Woch vun der Chamber gestëmmt ginn.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Wirtschaft