Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Johnny Marr - Lightning People

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dës Woch ass déi studéiert Ekonomistin, déi d'Realitéite fir Kanner a Jugendlecher aus der Cyberwelt elo am Buch "Bitte tu was" verschafft huet, bei eis am Gespréich.

Dës Woch ass déi studéiert Ekonomistin, déi d'Realitéite fir Kanner a Jugendlecher aus der Cyberwelt elo am Buch "Bitte tu was" verschafft huet, bei eis am Gespréich.

Dës Woch ass déi studéiert Ekonomistin, déi d'Realitéite fir Kanner a Jugendlecher aus der Cyberwelt elo am Buch "Bitte tu was" verschafft huet, bei eis am Gespréich.

D'Gabriela Rapp ass studéiert Ekonomistin an huet hir Kandheet op engem Bauerenhaff am däitsche Schwabe verbruecht. Si huet eng Zäit an der Entwécklungshëllef geschafft an ass op international Finanzstréim opmierksam ginn - an esou och op Lëtzebuerg komm.

D'Gabriela Rapp huet gehollef CASES opbauen, also Cyberworld Awareness and Security Enhancement Services. Iwwer dee Wee huet si vill Geleeënheet gehat, mat Kanner a Jugendlechen zu Lëtzebuerg iwwer hir Realitéit an der Cyberwelt ze schwätzen an huet eng Welt entdeckt, déi de meeschten Erwuessene guer net bewosst ass an zum Deel doudgeféierlech ka sinn.

D'Buch "Bitte tu was! - (Cyber) Porno Sex Gewalt Drogen Sucht Mobbing Ritzen & Co." ass elo an der Zäit vun der Corona-Pandemie geschriwwe ginn a souzesoen e Must-read fir jiddwereen, dee mat Kanner a Jugendleche schafft.

An der Woch vum 15.2., méindes bis freides um 12:40 a sonndes um 10:10.

Liest a lauschtert dee ganzen Interview hei.