arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Arméi: Enquête wéinst Fall vu sexuellem Mëssbrauch

100,7-Informatiounen no

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Arméi: Enquête wéinst Fall vu sexuellem Mëssbrauch

An der Arméi ass en Ënneroffizéier 100,7-Informatiounen no wéinst dem Virworf vu sexueller Belästegung suspendéiert ginn. Zënter annerhallwem Mount leeft och eng Enquête vun der Justiz.  Méi Sourcen hunn eis d'Detailer genannt, wëllen awer net mam Numm genannt gi well den Dossier sensibel ass. De Ministère vun der Defense confirméiert de Fall op eis Nofro hin.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Armée luxembourgeoise | © Armée luxembourgeoise
Armée luxembourgeoise (Foto: Armée luxembourgeoise)

D'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes (DP), d'Verdeedegungsdirektioun an d'Arméi géifen d'Accusatioune ganz eescht huelen. Et wier direkt gehandelt ginn an d'Ministesch wier och iwwert de Fall informéiert ginn, wéi en intern bekannt gouf, esou de Ministère an engem schrëftleche Statement.

Weider kéint een de Fall wéinst dem Untersuchungsgeheimnis wärend der Justizenquête an der disziplinarescher Instruktioun net kommentéieren. 

Plainte gouf Mëtt Mee gemaach

E jonken Zaldot huet eise Sourcen no Mëtt Mee eng Plainte géint en Ënneroffizéier gemaach, dee scho méi laang an der Arméi ass. Eng Woch no der Plainte ass de presuméierten Täter vum Déngscht suspendéiert ginn. De Ministère preziséiert, datt de Mann och keen Zougang méi zur Kasär um Härebierg huet, an datt him all Kontakt zum presuméierten Affer verbuede gouf.

Muechtpositioun: Strof kéint verduebelt ginn

Bei der Justiz leeft eng Instruktioun vun engem Untersuchungsriichter wéinst sexueller Belästegung (attentat à la pudeur). Als méiglech méi schlëmmen Ëmstand kann dobäi kommen, datt de concernéierten Ënneroffizéier an enger Muechtpositioun par rapport zum Zaldot war. An deem Fall kënnen d'Strofen dem Code pénal no verduebelt ginn.

Esou laang wéi et kee rechtskräftegt Urteel vun engem Geriicht gëtt, gëllt d'Présomption d'innocence. 

Um Härebierg ass de Fall schonn zënter Wochen een Theema. D'Suspendéierung ass Enn Mee intern matgedeelt ginn. E Grond gouf awer net genannt.

play_arrow Lauschteren