Am Gespréich: Chaild

Chaild

Zanter e puer Joer mécht den Adriano Lopes Da Silva Musek, um Ufank nach ënner dem Numm Adrian, mëttlerweil awer als Chaild. Eng Decisioun, déi och op säi privat Liewen en Afloss hat.

Als Invité an der Serie Am Gespréich schwätzt den Adriano iwwer säi Coming-out, seng Pläng iergendwa professionell Musek ze maachen a seng Approche et net séier, mee fir d'éischt emol gutt ze maachen.

An der Woch vum 22.2., méindes bis freides um 12:40 a sonndes um 10:10.

Liest a lauschtert dee ganzen Interview hei.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen