Daniel Balthasar, Kraider, Autoen a "Singing in the Rain"

Kraider

Concerts contre la solitude - Daniel Balthasar

Am Kader vun de Concerts contre la solitude héiert Dir eng Crazy Quarantine Session mam Lëtzebuerger Singer/Songwriter Daniel Balthasar, an dëst aus sengem Keller. D'Sarah Bergdoll vun der Fondatioun EME mat den Detailer, wéi dëse Concert zustane koum.

Lauschteren

Fir hir Concerts contre la Solitude hu si en nationalen Opruff lancéiert a ganz vill positive Retour kritt. Ganz ënnerschiddlech Museker hu fir si flott Videoe produzéiert, déi esou un Altersheemer a Spideeler verschéckt kënne ginn. Mee Dir kënnt se och doheem op der Televisioun kucken an zwar um apartTV, disponibel iwwer Eltrona an d'Tëlee vun der Post.

Kraider an der gesonder Kichen: Bouquet garni an Herbes de provence

Dee wonnerbare Kraidergeroch aus der Provence: Déi ideal Mëschung vun Herbes de Provence besteet aus allkéiers 27 Prozent Rosmarin, Oregano an Bounekraitchen an nach 19 Prozent Thymian. An de Bouquet garni ass aus engem Lorberblat, engem Thymiansträichen an e puer Péiterséilegstengelcher zesummegesat.

Béid Kraider Propose sinn ideal an eiser Kichen z. B. de Bouquet garni am Bouillon, Zopp oder Ragoût an d'Herbes de provence passe beim Grille besonnesch gutt zu Paprika, Courgetten a Pouletspiessecher.

Presentéiert vun der Dieteticienne Lis Muller, Responsabel vum Service Nutrition vum Domaine Thermal vu Mondorf.

Lauschteren

Zäitzeien: D'Madamm Valentine Meris-Wagner

Den Auto ass jo bekanntlech dem Lëtzebuerger seng léifste Spillsaach. Zu Dikrech am Garage vum Jean Wagner huet dës Léift 1871 mat Päerdskutschen ugefaangen. Bis dass hien am Ufank vum 20te Joerhonnert vum Här Benz Bensins Motoren krut an déi dunn an d'Kutschen agebaut huet.

D'Madame Valentine Meris-Wagner, d'Enkelin vum Jean Wagner, huet dem Nadine Entringer am Januar 2001 fir d'Serie Zäitzeien erkläert, wat dës motoriséiert Kutschen deemools schonn alles drop haten.

Lauschteren

Singing in the Rain

An der gëllener Era vum Filmmusical war de Kinnek vun de Claquette Gene Kelly ganz vir. Kult ass virun allem eng Zeen aus dem Film "Singing in the Rain", an deem den Acteur am Reen aus Freed danzt a sengt.

De Manuel Ribeiro erënnert eis un dëse Film.

Lauschteren

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen