De SCRIPT an de radio 100,7 setzen hir flott Zesummenaarbecht fort

radio 100,7.jpg

Zanter dem Fréijoer 2020 schaffen de SCRIPT an de radio 100,7 bei verschiddenen Emissiounsformater enk zesummen.

Zum enge bei der Kanneremissioun Héiere - Léiere - Lauschteren (Héléla), déi  ëmmer samschdes vun 13.00 bis 14.00 Auer diffuséiert gëtt. Zum aneren hunn de SCRIPT  an de radio 100,7 eng Rei vu fachspezifesche Webinairen organiséiert.

No enger Evaluatioun koume béid Partner zur Conclusioun, datt dës flott Collaboratioun eng Plus-Value fir all Bedeelegt a fir de Public duerstellt a si hunn deemno decidéiert, hir Zesummenaarbecht weiderzeféieren.

Vun der Schoulrentrée 2021-2022 u geet et also den 18. September weider mat de Bäiträg vun der Emissioun Héléla.

De Format vun de Webinairë geet de 26. Oktober an eng nei Ronn mat enger Emissioun iwwer Defiziter beim Oppassen/Hyperaktivitéit, déi zesumme mam Centre pour le développement des apprentissages Grande-Duchesse Maria Teresa a mam Service de consultation et d'aide pour troubles de l'attention, de la perception et du développement psychomoteur (SCAP) organiséiert gëtt.

  • Ënner dësem Link fannt Dir all Héléla-Emissiounen, déi bis elo diffuséiert goufen.  
  • Ënner dësem Link fannt Dir d'Linken op all SCRIPT/100,7-Webinairen, déi bis elo iwwer d'Antenn gaange sinn.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen