Radioen

On air

De Moien  |  White Lies - As I Try Not To Fall Apart

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bei senger E-Lodie Session den Owend viru Publikum proposéiert de Sam Erpelding eng Interpretatioun vun "Domhan Cùis", eng Evolutioun vun der Aarbecht um Album. Et gëtt danzbar a bësse schamanistesch.

Bei senger E-Lodie Session den Owend viru Publikum proposéiert de Sam Erpelding eng Interpretatioun vun "Domhan Cùis", eng Evolutioun vun der Aarbecht um Album. Et gëtt danzbar a bësse schamanistesch.

Bei senger E-Lodie Session den Owend viru Publikum proposéiert de Sam Erpelding eng Interpretatioun vun "Domhan Cùis", eng Evolutioun vun der Aarbecht um Album. Et gëtt danzbar a bësse schamanistesch.

De Sam Erpelding verbënnt a senger Musek dat Natierlecht mat deem Digitalen. De Kënschtler huet ëmmer säi Mikro dobäi, fir Téin a Geräischer opzehuelen, déi spéider d'Basis vu senger Musek ginn. Zum Beispill Maschinnegeräicher, vun engem Schëffsmotor oder engem Generator.

Op sengem Debutalbum héiert een zum Beispill Field Recordings aus dem Süde vu Lëtzebuerg. "Abendland" ass eng musikalesch Ausernanersetzung mam Minett, mat der Stolindustrie, awer och mat der Natur.

Stilistesch kéint een d'Musek vun Dankwart an den Dub Techno Rayon klasséieren. Awer och elektroakustesch ambient Musek ouni Beats interesséiert de Kënschtler.

Bei senger E-Lodie Session dëse Samschdeg proposéiert hien eng Interpretatioun vun "Domhan Cùis", eng Evolutioun vun der Aarbecht um Album. Et gëtt danzbar a bësse schamanistesch, seet de Sam.

Lauschtert hei