Bei den Hoppeldiboppel-Huesen ass Ouschtere besonnesch vill lass, well da ginn erëm ganz vill Eeër fir d'Kanner gefierft an am Bësch verstoppt.
Mee opgepasst: Am Bësch wunnt och d'Monster Wuschelgranz, dat nëmmen drop waart, déi lecker Eeër futti ze maachen.
Net dëst Joer! Déi clever Huesen hunn e Plang, fir d'Monster aus dem Bësch unzeschmieren.