Radioen

On air

Espresso Beats  |  Tame Impala - Wings Of Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sergio Ferreira: “D'Regierung muss proaktiv Logementer sichen”

Rechter vu Migranten

Sergio Ferreira: “D'Regierung muss proaktiv Logementer sichen”

D’Regierung misst elo hir Verantwortung iwwerhuelen a proaktiv Logementer fir Mënschen op der Flucht sichen. Dat seet de politeschen Direkter vun der ASTI, de Sergio Ferreira. Zanter dem leschte Summer kréie sougenannt Dubliner jo net méi automatesch eng Plaz an engem Foyer, wa si hei am Land ukommen a liewen dowéinst deelweis op der Strooss.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

Sergio Ferreira | © Chris Zeien play_arrow
De Sergio Ferreira ass de politeschen Direkter vun der ASTI. (Foto: Chris Zeien)

D’Requête vun engem Concernéierte virum Verwaltungsgeriicht huet d’lescht Woch awer dozou geféiert, datt hien eng Foyersplaz krut. Amplaz datt nach weider esou Requêten nokommen, misst elo um Terrain gehandelt ginn.

A wann et keen aner Moyen géif ginn, fir d’Gemengen dozou ze beweegen, méi Migranten opzehuelen, da misst ee vläicht awer op de Wee vun engem Quotesystem goen, esou nach de Sergio Ferreira. Dat wier sécher net "den ideaalste Wee“, mee wann d‘Gemengen net pro-aktiv géife matmaachen, da misst ee vläicht op dee Wee goen.

De Sergio Ferreira rechent net mat engem Walerfolleg vun der ADR

Europawäit sinn am Hibléck op d‘Europawalen den 9. Juni rietspopulistesch bis rietsextreem Tendenzen um Virmarsch. De Sergio Ferreira ka sech awer net virstellen, datt riets Parteie méi staark wäerte gewielt ginn.

Lëtzebuerg wier een Immigratiounsland an ouni Immigrante wier déi Lëtzebuerger Situatioun eng aner, sozial, kulturell an ekonomesch.

"De Räichtum vu Lëtzebuerg ass och zum Deel vun der Migratioun komm.“

Och datt d‘ADR eventuell ee Sëtz am Europaparlament kéint kréien, gleeft de Sergio Ferreira net.

"Den Här Keup hat och gemengt, datt nom Referendum 2015 seng 80 Prozent op dat gewielte Resultat transposabel wieren. Dat war net de Fall.“

Lauschterenplay_arrow


Aktualitéit
Europawalen
Politik a Gesellschaft