Radioen

On air

Notturno  |  D.E.T. - Fleurs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Média de service public 100,7, deen de radio 100,7 bedreift, sicht en/eng neie/nei Redakter/Redactrice fir d'Onlineredaktioun mat engem Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch.

Den Média de service public 100,7, deen de radio 100,7 bedreift, sicht en/eng neie/nei Redakter/Redactrice fir d'Onlineredaktioun mat engem Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch.

Den Média de service public 100,7, deen de radio 100,7 bedreift, sicht en/eng neie/nei Redakter/Redactrice fir d'Onlineredaktioun mat engem Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch.

De radio 100,7 ass den ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg a gëtt am allgemengen ëffentlechen Interessi vum Média de service public 100,7 bedriwwen. De Radio ass bekannt fir eng héich Qualitéit vun den Noriichten, der Musek an am Beräich vun der Kultur. An enger gutt gefëllter Mediewelt spillt en eng eenzegaarteg Roll als Spigel vun der Lëtzebuerger Sprooch, Kultur an Identitéit.

D'Online Redaktioun vum Radio ass e wichtege Bestanddeel an Zäiten vun digitaler Transformatioun. An dësem Kader sicht de radio 100,7 een/eng

Redakter/Redactrice Web

Är Tâchen

  • Verfaassen a publizéiere vu schrëftlechen an audiovisuellen Inhalter fir d'Internetsäit 100komma7.lu, eis Newsletteren a Social Media
  • Participatioun u Projete fir de Média 100,7 an der Digitaliséierung an Innovatioun virunzebréngen
  • Recherche an Entwécklung vun neie Weeër fir Informatioun op eise verschiddene Plattformen ze presentéieren


Den ideale Kandidat / Déi ideal Kandidatin brauch/huet

  • Beruffserfahrung vun op mannst zwee Joer am Beräich Webredaktioun / Verfaasse vu Webcontenu
  • Fäegkeet, Inhalt a Format unzepassen, jee no Ziler a Medien
  • Fäegkeet, Informatioun z'analyséieren, ze synthetiséieren, ze reformuléieren an z'organiséieren
  • Maîtrise vun IT Outilen a vu Social Media
  • Exzellent Beherrschung vun der Lëtzebuerger Sprooch (geschwat a schrëftlech) souwéi den aneren üblechen Beruffssproochen (Däitsch, Franséisch, Englesch)
  • En ausgeprägte Sënn fir Organisatioun, Zäitmanagement a Prioritéiten
  • Kreativitéit, Initiativgeescht, an eng resultatorientéiert Approche


Mir bidden

  • En Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch
  • Eng dynamesch a motivéiert Ekipp an engem kreativen Ëmfeld mat kontinuéierleche Weiderbildungsméiglechkeeten


Schéckt eis Är Kandidatur mat Motivatiounsbréif, CV a Casier judiciaire w.e.g. bis spéitstens den 10. Dezember 2022 per Email un rh@100komma7.lu.