16.01. Kaarten op den Dësch: Impfflicht, jo oder nee?

Impfflicht, jo oder nee? Diskussiounsronn mat der Julie-Suzanne Bausch, Jean-Jacques Schonckert, Gilbert Pregno an Dr. Gérard Schockmel

De Mëttwoch, den 19. Januar wëll d'Regierung vun der Chamber an enger Consultatiounsdebatt héieren, wéi d'Fraktioune sech zu enger Corona-Impfflicht positionéieren.

Dës Woch gouf schonn e Froekatalog un d'Fraktioune geschéckt. Donieft huet d'Regierung en Expertegrupp gefrot, en Dokument auszeschaffe fir d'Debatt virzebereeden.

Impfflicht: Wat schwätzt dofir, wat dogéint? Doriwwer diskutéieren an eiser Sendung:

  • d'Julie-Suzanne Bausch, Presidentin vum Eethikrot
  • de Gilbert Pregno, President vun der Mënscherechtskommissioun
  • den Dokter Gérard Schockmel, Member vum Expertegrupp
  • de Jurist Jean-Jacques Schonckert.

Moderatioun: Jean-Claude Franck

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen