Kappkino 1: Wou ginn Elteren nuets hin?

Kappkino 1

Op Ouschterméindeg proposéiert Iech de radio 100,7 exklusiv e Lauschterstéck vun der Claudine Muno fir gutt an de Feierdag eranzekommen.

"Ech gesinn wéi meng Mamm d'viischt Dier opmécht, obwuel kee geschellt huet...
An dann - dat Geräisch ass dat Schlëmmst iwwerhaapt - héieren ech, wéi sech de Schlëssel vu baussen am Schlass dréit."

Mir huelen Iech mat op eng Rees duerch déi eng Nuecht, déi, wou d'Eltere fortginn. Sidd ganz Ouer, lauschtert d'Geschicht, verfollegt déi sensibel Inzenéierung, déi virun Iech entsteet. Kommt mat op eng skurril fantastesch Rees duerch e gelungenen, kënnegen Universum mat frieme Bekannten an onbekannte Frënn.

Dëst ass eng Produktioun vun Openscreen a Co-produzéiert vun Op der Schmelz a CNA.

Mat der Stëmm vum Betsy Dentzer.

Musek a Kompositioune vum Natasa Grujovic an Michel Feinen.

Regie: Daniel Tanson

Produzent an Artwork Design: Tanja Frank 
 
13.4. Kappkino op Ouschterméindeg um 07:40 um radio 100,7 an duerno am Replay op 100komma7.lu.

Lauschtert an eiser Mediathéik (13.4. - 07:40).

 

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen