Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ An der Emissioun "Generatiounen" presentéiere mir Iech haut: Summerpneuen, d'Liewen am Klouschter, eng musikalesch Campingrees, Knippercher vum Chef, d'Welt vun der Operett.

An der Emissioun "Generatiounen" presentéiere mir Iech haut: Summerpneuen, d'Liewen am Klouschter, eng musikalesch Campingrees, Knippercher vum Chef, d'Welt vun der Operett.

An der Emissioun "Generatiounen" presentéiere mir Iech haut: Summerpneuen, d'Liewen am Klouschter, eng musikalesch Campingrees, Knippercher vum Chef, d'Welt vun der Operett.

An der Emissioun "Generatiounen", all Dag an der Woch tëschent 13:00 a 14:00 Auer proposéiere mir Iech haut:

  • De gudde Rot:  Et ass nees un der Zäit, d'Summerpneuen opzeleeën
  • D'Liewen am Klouschter um Beispill vun de Benediktiner zu Clierf
  • Eng musikalesch Campingsrees
  • Knippercher vum Chef
  • An d'Welt vun der Operett mat vill Rhythmus, Danz, Jalousie, Passioun an Zäertlechkeet.

D'Wanterschlappen erof, d'Summerpneuen drop

Et ass nees un der Zäit, wou ee sech op emol bewosst gëtt: Ech muss drun denken d'Summerpneuen opzeleeën. De Wanter oder dat wat mer hautdesdaags Wanter nennen, läit hanner eis, och wann déi Äishelleg nach virun der Dier stinn, egal wéi, den Auto kann op Summer getrimmt ginn. An Dir kennt jo vun O bis O, vun Oktober bis Ouschteren ass Zäit vun de Wanterpneuen. Deemno kann een da lues awer sécher Wanterpneue mat de Summerschlappe wiesselen. Dat ass de gudde Rot vum Jean Claude Majerus.

Lauschteren

Eng bis haut beléifte Fräizäitaktivitéit

Fir d'Rubrik Grammophon huet de Georges Urwald e Lidd aus dem Joer 1968 erausgesicht. Eng Coverversioun vun engem Lidd, dat e puer Joer éischter an Däitschland enorme Succès hat. D'Juliette Nürenberg mam Titel "Um Camping", eng deemools scho beléifte Fräizäitaktivitéit.

D'Musekerin hat iwweregens am selwechte Joer den éischte Präis beim Festival Luxembourgeois de la Chanson kritt.

Lauschteren

Knippercher vum Chef - Iessen als Belounung

Ass et wierklech eng gutt Iddi, datt de Chef sech mat Knippercher, Kaffiskichelcher oder Taarten bei senge Mataarbechter zefridde weist fir z. B. d'Woch gutt unzefänken oder opzehalen?

Oder och de Kuerf mat lauter Naschelegkeeten an Delikatessen als Merci wann e schwéiere Projet ofgeschloss ass oder e wichtegt Zil erreecht gouf? An net ze vergiessen de Cadeau als Ofschloss vum Joer.

D'Gewunnecht, Iessen als Belounung ze benotzen schéngt an eiser Zäit dach scho bal kontraproduktiv. Wou all Zorte Liewensmëttel souwisou scho sou gutt wéi iwwerall disponibel sinn, an esou vill vu Wuelstandskrankheete geschwat gëtt, déi op schlecht Ernärungsgewunnechten zeréckzeféieren sinn.

 

D'Liewen am Klouschter

De Père François Schumacher aus der Benediktiner-Abtei Saint-Maurice vu Clierf ass ee vun deenen nach véier Lëtzebuerger Pateren an der Clierfer Abtei.

De Père François Schumacher, deen och am Parverband mathëlleft an Aumônier am Home St. François ass, kuckt zeréck a verzielt iwwer 34 Joer am Klouschter zu Clierf. Donieft schwätzt de Père Abbé, Dom Michel Jorrot, iwwer d'Geschicht vun der Abtei. Mat engem Extrait aus der Emissioun Erlieft a Verzielt aus dem Archiv vum 100,7. Déi ganz Emissioun fann Dir op 100komma7.lu.

Lauschteren

Rhythmus, Danz, Jalousie, Passioun an Zäertlechkeet

Et gi vill Operen an Operetten, déi sech mat der Kultur vu Béimen a Mähren befaassen.

Och "Die Czardasfürstin" vum Emmerich Kalman huet de Public ëmmer erëm begeeschtert duerch déi faszinant Musek mat zigeinereschen Elementer. Vill Rhythmus, Danz, mee och Jalousie, Leidenschaft an Zäertlechkeet um Fong vun duusse Melodien. Mee am Kontrast stinn och ëmmer séier Rhythmen an Dänz.

Lauschteren


Wann Dir Suggestiounen fir e Musekswonsch hutt, da kënnt Dir dat maachen iwwer eis WhatsApp um 621 44 00 44 oder iwwer den Telefonsrepondeur 44 00 44 123.