Op Päischtweekend (4.-5.6.) ass et nees souwäit: Déi siwent Editioun vum KOLL AN AKTIOUN Festival zu Uewermaartel steet un. An de radio 100,7 ass de Samschdeg, 4.5. live op der Plaz, fir d'Stëmmung anzefänken.
Vu 16:00 Auer u melle mir eis vum historesche Site vum Schifermusée mat Interviewe vun de Bands. Ausserdeem maachen eis Museknerds Jamie an Yves hir Emissioun TRENDSCHEIF viru Publikum live vun 18:00 Auer un. A well et esou schéin ass, leet da sonndes um 01:15 Auer an der Nuecht eise radio 100,7 PUBLIC SERVICE SOUNDSYSTEM op a garantéiert nach zousätzlech fir gutt Tunes!
Verpasst also op kee Fall dësen aussergewéinleche Weekend!