Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De radio 100,7 ass dëse Weekend, 11. an 12.06. um USINA22 Festival zu Diddeleng, deem gréisste Festival zu Lëtzebuerg.

De radio 100,7 ass dëse Weekend, 11. an 12.06. um USINA22 Festival zu Diddeleng, deem gréisste Festival zu Lëtzebuerg.

De radio 100,7 ass dëse Weekend, 11. an 12.06. um USINA22 Festival zu Diddeleng, deem gréisste Festival zu Lëtzebuerg.

De radio 100,7 ass fir déi éischt Editioun vum USINA22 Festival zu Diddeleng am Quartier Neischmelz mat dobäi an huet fir seng Nolauschter:innen e flotten an ofwiesslungsräiche Programm fir déi zwee Deeg virbereet. Hei den Iwwerbléck op dat, wat Iech erwaart:

Samschdes 11.6.

16-18 Auer: USINA22 Special
De Marc Clement mellt sech live vum Festival, informéiert Iech mat Andréck vun der Plaz an interviewt Bands, déi deen Dag optrieden.

18-19 Auer - TRENDSCHEIF on Tour
Den Jamie an den Yves sinn net am Studio vum radio 100,7, mee presentéieren hir Emissioun TRENDSCHEIF virum Publikum zu Diddeleng.

Sonndes 12.6.

14-15 Auer: USINA22 Special
An nees mellt sech de Marc Clement vum Festival mat Interviewen ...

15-16 Auer: Table Ronde: Music made in Luxembourg - challenges and perspectives
Mir diskutéiere mat Acteuren an Actricë vun der Lëtzebuerger Musekszeen ë. a. iwwer den Impakt vun zwee Joer Pandemie op hire Secteur. Moderéiert vum Yves Stephany.

16-17 Auer: USINA22 Special
No der Table ronde héiere mir nach emol Andréck vum Festival a verschidden Interviewen.