Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

Ludwig van Beethoven

De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Um Enn vu sengem Liewen war de Beethoven e Star. Dausende vu Mënsche ware bei sengem Begriefnes dobäi. Op sengem Grafsteen um Wiener Zentralfriedhof steet just: Beethoven. D'Universalitéit vu senger Musek  - "alle Menschen werden Brüder" - dréckt sech an der 9. Symphonie aus, déi zanter 1985 Europahymne ass an och op der Lëscht vum Weltkulturierwe vun der UNESCO steet.

Lauschtert hei den éischten Episod
 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen