Media & Me: Aschreiwunge fir 2023 hunn ugefang

Media and Me_2022_1200x667px.jpg

Wéi och déi Jore virdrun ass de radio 100,7 Partner beim Projet Media & Me - Backstage bei Medienberufen.

Bei dësem Projet kréie Jonker aus Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich an der Belsch d'Méiglechkeet d'Medielandschaft an der Groussregioun kennenzeléieren, fir en Abléck an eng spéider Beruffsorientatioun ze kréien. Interesséierter kënne bis de 15. Mäerz eng Kandidatur op info@media-and-me.de aschécken. Dës Kandidatur kann a Form vun enger Lettre de motivation, engem Video- oder Audiobäitrag, oder op eng aner kreativ Aart a Weis gemaach ginn.

Eng onofhängeg Jury sicht sech da bis zu 15 Kandidaten eraus, déi vun Abrëll bis Oktober an engem ëmfaassende Programm hanner d'Kulisse vun de verschiddene Medienhaiser luusse kënnen, fir eng Virstellung ze kréien, wat et heescht an engem Medieberuff ze schaffen.

D'Organisatioun vum Projet Media & Me iwwerhëlt MedienNetzwerk SaarlorLux e.V. mat der Ënnerstëtzung vun der Landesmedienanstalt Saarland. 26 Medienhaiser aus véier Länner huelen dëst Joer um Projet deel.

Fir weider Informatioune kënnt Dir Iech dës Dokumenter ukucken:

Media and Me - Bewerbungsphas (DE)
Media and Me - Bewerbungsphas (FR)
LMS Flyer M&M 2023 (DE)
LMS Flyer M&M 2023 (FR)
Media and Me - Poster (DE)
Media and Me - Poster (FR)

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen