Radioen

On air

Notturno  |  Westerman - CSI: Petralona

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Conseil d'Administration vum Média de Service public 100,7 besteet aus 9 Memberen, vun deene 6 vum Conseil proposéiert ginn. Duerch e beruffleche Wiessel vun engem Member, ass ee vun de Posten elo disponibel.

De Conseil d'Administration vum Média de Service public 100,7 besteet aus 9 Memberen, vun deene 6 vum Conseil proposéiert ginn. Duerch e beruffleche Wiessel vun engem Member, ass ee vun de Posten elo disponibel.

De Conseil d'Administration vum Média de Service public 100,7 besteet aus 9 Memberen, vun deene 6 vum Conseil proposéiert ginn. Duerch e beruffleche Wiessel vun engem Member, ass ee vun de Posten elo disponibel.

De radio 100,7 ass den ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg, bedriwwe vum onofhängegen Etablissement public Média de Service public 100,7. An enger gutt gefëllter Mediewelt spillt en eng eenzegaarteg Roll als Spigel vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, Politik a Kultur.

De Radio sicht en onofhängege Member fir säi Verwaltungsrot*

De Conseil d'Administration vum Média de Service public 100,7 besteet aus 9 Memberen, vun deene 6 vum Conseil proposéiert ginn. Duerch e beruffleche Wiessel vun engem Member, ass ee vun de Posten elo disponibel.

An de grousse Linnen ass de Conseil responsabel fir:

  • d'Erfëlle vun de legale Missioune vum Radio,
  • eng effikass administrativ an eng equilibréiert finanziell Gestioun vum Etablissement public,
  • zousätzlech zu de weidere legalen Dispositiounen huet de Conseil e Règlement d'ordre intérieur an e Code de déontologie als Instrumenter fir eng gutt Gouvernance adoptéiert.

Den ideale Kandidat / Déi ideal Kandidatin soll:

  • disponibel si fir e Mandat bis den August 2024 unzehuelen,
  • déi lëtzebuergesch an déi franséisch Sprooch verstoen,
  • gutt Kenntnisser vun der lëtzebuergescher Medien- a Kultur-Landschaft hunn.

Fir d'Kompetenze vum Conseil ze verstäerken, si follgend Elementer vu Virdeel:

  • gutt Capacitéit fir d'Gestioun vun de Finanzen, an/oder
  • Erfarung mat Autor:inne-Rechter an der Produktioun

D'Méiglechkeet besteet fir en zweet Mandat vu 5 Joer vun August 2024 un.

D'Membere vum Conseil treffe sech an der Moyenne 5 Mol am Joer, nomëttes, an d'Diskussioune sinn op Lëtzebuergesch a Franséisch. D'Mandat vun engem onofhängege Conseilsmember ass net kompatibel mat der Funktioun vu Regierungsmember oder Deputéierten, enger Funktioun oder Ustellung bei der ALIA, souwéi enger Ustellung bei engem Medienhaus zu Lëtzebuerg oder dem Lëtzebuerger Staat.

De Conseil ass beméit, fir eng equilibréiert Representatioun vu Fraen a Männer.

Wann Dir interesséiert sidd als onofhängege Member vum Conseil d'Administration de Radio als Service public mat ze entwéckelen, schéckt eis Är Kandidatur mat Motivatiounsbréif a kuerze Liewenslaf wgl. bis spéitstens de 27. Januar 2023, per Email un rh@100komma7.lu. All Kandidature gi confidentiel behandelt.

*De Conseil mécht vum Art. 9.4 vum Gesetz vum 12. August 2022 iwwer de "Média de service public 100,7" gebrauch mat dësem Appel au public.