Nei Serie: Wellbeing

Wellbeing

Vu méindes bis freides, um 12:15, 13:10 a 17:40 

Bleift gesond a monter zesumme mam 100,7. An eiser neier Serie "Wellbeing" wëlle mir Iech an dësen Zäite mat wäertvollen Informatiounen a Rotschléi begleeden. 

Letzcook
Mir proposéieren Iech all Dag een neit Rezept fir nozekachen a gi wäertvoll Informatiounen zumTheema Kachen. Dëst ass eng Initiativ zesumme mam Magasinn KACHEN.

Bewosst gesond
Vun A wéi Apel bis Z wéi Zitroun. Wäertvoll Ernärungstippe fir Erwuessener a Kanner an Zesummenaarbescht mat Membere vun der Association Nationale des Diététiciens du Luxembourg. Iesst, kacht, kaaft a bleift gesond. Mir ënnerstëtzen Iech derbäi.


Otemzuch
Zesumme mat der Psychologin an Achtsamkeetstrainerin Laurette Bergamelli gi mir Iech all Dag op zwou Sproochen, op Däitsch a Franséisch, e Moment vu Rou mat op de Wee. Dir kënnt Iech fir annerhallef Minutt gemittlech mat eis fale loossen an entspanen.

Vu méindes bis freides um 12:15, 13:10 an um 17:40 um radio 100,7.

Zesummegestallt vum Angie Maquil

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen