Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Média de service public 100,7, deen de radio 100,7 bedreift, sicht en/eng neie/nei Journalist/in fir d'Redaktioun Klassesch Musek mat engem Aarbechtsvertrag op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch.

De Média de service public 100,7, deen de radio 100,7 bedreift, sicht en/eng neie/nei Journalist/in fir d'Redaktioun Klassesch Musek mat engem Aarbechtsvertrag op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch.

De Média de service public 100,7, deen de radio 100,7 bedreift, sicht en/eng neie/nei Journalist/in fir d'Redaktioun Klassesch Musek mat engem Aarbechtsvertrag op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch.

De radio 100,7 ass den ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg a gëtt am allgemengen ëffentlechen Interessi vum Média de service public 100,7 bedriwwen. De Radio ass bekannt fir eng héich Qualitéit vun den Noriichten, der Musek an am Beräich vun der Kultur. An enger gutt gefëllter Mediewelt spillt en eng eenzegaarteg Roll als Spigel vun der Lëtzebuerger Sprooch, Kultur an Identitéit.

Klassesch Musek ass e festen Deel vum 100,7-Programm. De Radio informéiert iwwer d'Aktualitéit vu Museker, Orchesteren a Concertshaiser an hëlt reegelméisseg selwer Concerten op, déi och iwwer de Reseau vun der Union européenne de radio-télévision (UER/EBU) diffuséiert ginn. An dësem Kader sicht de radio 100,7 een/eng

Journalist:in
fir d'Redaktioun Klassesch Musek

Är Tâchen

  • Konzeptioun, redaktionnell Recherche a Produktioun vun Emissiounen a Programmelementer ronderëm d'Welt vun der klassescher Musek
  • Presentatioun vun Emissiounen, live oder virproduzéiert, am Studio oder um Terrain
  • Preparatioun vu redaktionnellem Contenu fir eis Internetsäit "100komma7.lu"
  • Mataarbecht bei der Museksprogrammatioun vum Radio an Identifikatioun vun neier Musek, déi an d'Museksrotatioun opgeholl ka ginn 
  • Mataarbecht beim Dokumentéiere vu Musek an Archivéiere vun Emissiounen

Den ideale Kandidat / Déi ideal Kandidatin brauch

  • Exzellent Kenntnisser vun der nationaler an internationaler klassescher Musekszeen
  • Expertis an anere Museksberäicher wier e Virdeel
  • Perfekt Beherrschung vun der lëtzebuergescher Sprooch (geschwat a geschriwwen) a gutt Kenntnisser am Däitschen, Engleschen a Franséischen
  • Gutt Diktioun
  • Flexibilitéit, Ekippegeescht, journalistesche Virwëlz a Kreativitéit
  • Capacitéit fir onofhängegt Schaffen
  • E Schoulofschloss mindestens um Niveau Bachelor
  • Allgemeng informatesch Kenntnisser

Mir bidden

  • En Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch
  • Eng dynamesch a motivéiert Ekipp an engem kreativen Ëmfeld

Schéckt eis Är Kandidatur an Äre CV w.e.g. bis spéitstens den 19. September 2022 per Email un rh@100komma7.lu.

 

radio 100,7

21a , avenue J.F. Kennedy

L-1855 Luxembourg