Offre d'emploi: Journalist/in fir d'Museksredaktioun

radio 100,7

De radio 100,7 ass den ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg a gëtt am allgemengen ëffentlechen Interessi vum Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle bedriwwen. De Radio ass bekannt fir eng héich Qualitéit vun den Noriichten, der Musek an am Beräich vun der Kultur. An enger gutt gefëllter Mediewelt spillt en eng eenzegaarteg Roll als Spigel vun der Lëtzebuerger Sprooch, Kultur an Identitéit.

Musek spillt eng wichteg Roll am Programm vum radio 100,7, als Deel vun Informatiounsemissiounen an a Form vun dédiéierte Museksemissiounen. D'Museksredaktioun bestëmmt d'Musek, déi um Radio gespillt gëtt, suivéiert nei Entwécklungen an der Musekszeen, besonnesch zu Lëtzebuerg, betreit a produzéiert Museksemissiounen an décidéiert, wat fir Concerten de radio 100,7 ophëlt. An dësem Kader sicht de radio 100,7 een/eng

Journalist/in
fir d'Museksredaktioun

Är Tâchen

  • Konzeptioun, redaktionnell Recherche a Produktioun vun Emissiounen a Programmelementer ronderëm d'Welt vun der Musek
  • Presentatioun vun Emissiounen, live oder virproduzéiert, am Studio oder um Terrain
  • Mataarbecht bei der Museksprogrammatioun vum Radio an Identifikatioun vun neier Musek, déi an d'Museksrotatioun opgeholl ka ginn 
  • Preparatioun vu redaktionnellem Contenu fir eis Internetsäit "100komma7.lu"
  • Mataarbecht beim Dokumentéiere vu Musek an Archivéiere vun Emmissiounen


Den ideale Kandidat/ Déi ideal Kandidatin brauch

  • Exzellent Kenntnisser vun der nationaler an internationaler Pop- a Rockmusekszeen
  • Expertis an anere Museksberäicher ass e Virdeel
  • Perfekt Beherrschung vun der lëtzebuergescher Sprooch (geschwat a geschriwwen) a gutt Kenntnisser am Däitschen, Engleschen a Franséischen
  • Gutt Diktioun
  • Flexibilitéit, Ekippegeescht, journalistesche Virwëlz a Kreativitéit
  • Capacitéit fir onofhängegt Schaffen
  • E Schoulofschloss mindestens um Niveau Bachelor
  • Allgemeng informatesch Kenntnisser


Mir bidden

  • En Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch
  • Eng dynamesch a motivéiert Ekipp an engem kreativen Ëmfeld


Schéckt eis Är Kandidatur an Äre CV w.e.g. bis spéitstens den 21. Mäerz per Email un rh@100komma7.lu.

radio 100,7
21a , avenue J.F. Kennedy
L-1855 Luxembourg

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen