Hei den Iwwerbléck vun eisem Ouschterprogramm:
Sonndeg, 17.4.
10:00 Titanic - Ënnergang virun 110 Joer
D'Geschicht, d'Rees an déi lescht Stonnen op der Titanic, mat de Stëmme vun Iwwerliewenden, a Form vun Aussoe vun hinnen, déi vun 1915 bis 1999 enregistréiert goufen.
11:00 Musek am Gespréich - Marc Dostert
Mam Dirigent vun der Maîtrise vun der Kathedral iwwer déi musikalesch Virbereedung an och d'Programmatioun wärend der Karwoch fir déi jeeweileg liturgesch Feieren.
12:00 Concert - Musek fir d'Passiounszäit
Kompositioune vu Buxtehude, Bach a Biber, interpretéiert vun der Capella Reial de Catalunya.
14:00 Spektrum
Vum Southside Festival: Franz Ferdinand, eng vun den erfollegräichste brittesche Rockbands
Vum Eurosonic Noorderslag Festival: TUYS, eng vun de beléiftsten a konsequentsten Indie-Rock Bands zu Lëtzebuerg an d'Albertine Sarges, d'Berlinerin spillt eckege Post-Punk mat séisse, melodeschen Touchen
16:00 Musek Aktuell - Tom Gatti & Sacha Hanlet
Déi zwee Lëtzebuerger Produzenten ginn en Abléck an hir Welt, hir Defien a ginn eis rezent Verëffentlechungen ze lauschteren.
17:00 Patchbay
Musek kann eis hëllefen, an dëse schwéieren Zäiten Harmonie ze fannen. Mir spillen Ouschtersonndeg an Ouschterméindeg Är Lidder an der Patchbay.
Méindeg, 18.4.
10:00 Mixtape - Geflügelte Frühlingsboten
Vögel sind in allen Textgattungen zuhause, in Fabeln und Märchen, Dramen und Lyrik ...
11:00 Voix d'auteurs - Jean Rouaud
Den Auteur iwwer säi Récit-essai-poétique "Qui terre a, guerre a".
12:00 Concert - Stabat Mater
Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, dee "Stabat Mater" vum Gioacchino Rossini interpretéiert. Den Orchester huet d'Wierk op senger aktueller CD-Produktioun publizéiert.
14:00 Spektrum
WomenJazzAfrica: Siwen Jazz-Frae vum afrikanesche Kontinent sinn am November 2021 zu Rabat an de Studio gaangen. E Concert am Kader vum Internationalen Jazz-Dag vun der UNESCO.
Zwou Jazz-Legenden: de Gittarist John Scofield a Bassist Dave Holland, am November 2021 a Finnland um Tampere Jazz Happening
16:00 Musek Aktuell - Cleveland
Den Andrea Mancini ass als Cleveland international DJ Producer a presentéiert d'Emissioun Palatino FM um 100,7. Am Gespréich geet et ëm seng Coups de Coeur, d'DJ-Zeen zu Lëtzebuerg an an der Ukrain.