Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Art Feynman - Desperately Free

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Literatur, Konferenzen, Concerten, Dead Legends, Oasis Live ...: verbréngt e gemittleche Feierdag mam radio 100,7!

Literatur, Konferenzen, Concerten, Dead Legends, Oasis Live ...: verbréngt e gemittleche Feierdag mam radio 100,7!

Literatur, Konferenzen, Concerten, Dead Legends, Oasis Live ...: verbréngt e gemittleche Feierdag mam radio 100,7!

Voix d'auteurs um 08:00 an um 18:00

Stellt iech vir, et géif en Deel vun der Mënschheet ginn, vun deem mer net wëssen, datt en existéiert ... dee sech verstoppt ... dee vill méi intelligent ass, wéi mir ... An deem seng kulturell, sozial, politesch, ekonomesch a wëssenschaftlech Entwécklung eiser wäit viraus ass. Dat ass d'Geschicht, déi den Amin Maalouf a sengem neie Roman "Nos frères inattendus" erzielt.

De Jean Portante ënnerhält sech mam Auteur.

Mixtape - "Das ist die Pest!"  um 09:00 an um 19:00

D'Auswierkunge vun Epidemië wéi Pescht a Cholera op dat ëffentlecht Liewe goufen zanter 2.500 Joer schrëftlech festgehalen, z. B. vun Historiker an Aenzeie wéi Thukydides, Samuel Pepys oder Heinrich Heine. Déi authentesch Berichter, awer och fiktiv a semifiktiv Texter, zeechne vill Parallelen zu den Aschnëtter an Ëmwälzungen ënner Corona: Ausgangsspären, Isolatioun, Verschwörungstheorien ...

D'Angelika Thomé kuckt op fréier Pandemien zeréck.

Moies-Concert um 10:00

"Ich bedauere die Menschen, welche von der Vergänglichkeit der Dinge viel Wesens machen und sich in Betrachtung irdischer Nichtigkeit verlieren: sind wir ja eben deshalb da, um das Vergängliche unvergänglich zu machen", schreift de Johann Wolfgang von Goethe.

Onvergänglech ass d'Musek a Musek vun der Onvergänglechkeet proposéiere mir Iech op Allerhellegen. 

Mëttes-Concert um 12:10

Den Allerséileconcert ass en traditionelle Rendez-vous all Joer an der Méchelskierch mam Méchelschouer an engem Orchester. 2019 stoungen de Chouer, den Orchestre de Chambre du Luxembourg a Solisten ënner der Direktioun vum Gerry Welter. Um Programm Wierker vum Gabriel Fauré, Franz Xaver Richter a Jan Dimsas Zelenka.

Genéisst dëse Live-Matschnëtt um radio 100,7.

Dead Legends um 14:00 

Dëst Joer hunn eng Rëtsch Museker eis verlooss. De Folk Soul Charmeur Bill Withers, d'R'n'B Soul Sängerin Edna Wright, de Country Poet John Prine oder och d'Afro Beat Legend Tony Allen.

Mir erënneren un déi musikalesch Helden, déi 2020 gestuerwe sinn.

Oasis Live um 16:00

1995 koum en Album eraus, dee richtungsweisend war fir brittesch Rockmusek. "(What's The Story) Morning Glory?" sollt mat senge sechs Single-Auskopplungen dee gréisste Succès fir d'Gallagher-Bridder ginn. Awer och wann Oasis mat hire Balladen um Radio gelaf sinn - hir Concerte ware weider e Fest vun haarde Gittaren a réier Energie.

Mir huelen Iech mat op eng Zäitrees an iwwerdroen Oasis, live um Roskilde Festival 1995.

Konferenzen um 17:00

Am Kader vun de Rendez-vous de l'Unesco war ufanks Oktober d'Konferenz "Le patrimoine architectural du XXe siècle", an där et ëm Bauwierker am Jugendstil an Art-Nouveau zu Lëtzebuerg goung.

D'Muriel De Groef vun de Musées royaux des Beaux-Arts de Belgique gëtt Explikatiounen iwwer déi architektonesch Schätz aus dem leschte Joerhonnert.