29.11. Schengener Gespréicher: D'Groussregioun am Klengen

Schengener Gespréicher

D'Entwécklungskonzept Oberes Moseltal ass e gemeinsame Projet vu Rheinland-Pfalz, dem Saarland a Lëtzebuerg. D'Landesplanung steet hei am Vierdergrond. 

D'Zesummenaarbecht vu Rheinland-Pfalz, dem Saarland a Lëtzebuerg an der Regioun vum Oberen Moseltal soll nach méi enk an effikass ginn, dat mam Instrument vun engem Regionalmanagement a mam Poste vum Regionalmanager. 

Am Vierdergrond vum Entwécklungskonzept Oberes Moseltal stinn d'Synergien a Saache Landesplanung, Mobilitéit, Siidlungspolitik, Tourismus an Ëmwelt.

Iwwer dësen ambitiéise Projet diskutéiere bei der Sabine Ertz vum SR2 KulturRadio an dem André Duebbers vum radio 100,7 déi zoustänneg Ministere Claude Turmes, Roger Lewentz, Rheinland-Pfalz, Reinhold Jost, Saarland an de Regionalmanager Martin Güdelhöfer.
 
Lauschtert Schengener Gespréicher an eiser Mediathéik.

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen