Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Vinyl vum radio 100,7 mat Songs vun 13 lëtzebuergesche Kënschtler:innen, opgeholl 2020 am éischte Lockdown, gewënnt an der Kategorie "Excellent Communications Design - Packaging".

D'Vinyl vum radio 100,7 mat Songs vun 13 lëtzebuergesche Kënschtler:innen, opgeholl 2020 am éischte Lockdown, gewënnt an der Kategorie "Excellent Communications Design - Packaging".

D'Vinyl vum radio 100,7 mat Songs vun 13 lëtzebuergesche Kënschtler:innen, opgeholl 2020 am éischte Lockdown, gewënnt an der Kategorie "Excellent Communications Design - Packaging".

D'radio 100,7 Vinyl "Schlofzëmmerbléck" gewënnt an der Kategorie "Excellent Communications Design - Packaging". 

De "Schlofzëmmerbléck" ass eng Compilatioun vum 100,7, déi et a limitéierter Quantitéit als Vinyl wéi och digital ze kafe gëtt, an déi op de Streamingplattformen disponibel ass.

Wärend deem éischte Lockdown am Mäerz 2020 hunn 13 lëtzebuergesch Kënschtler:inne bei sech doheem fir de Radio Songs geschriwwen a produzéiert. Dëse Schlofzëmmerbléck kann och als intimen Abléck an dat kënschtlerescht Schafe wärend dëser besonnescher Zäit verstane ginn.

Dee schlichte Cover wëllt dem erdréckende Gefill vum Lockdown entgéintwierken, déi 13 verschidde Fënsteren - eng Fënster fir all Kënschtler, all Kënschtlerin - soll Faarf an dat "grousst Eidelt" bréngen.

D'Jury huet dozou dës Begrënnung ofginn:

Die Idee, die 13 Song-Titel quadratischen Farbtafeln zuzuordnen, die zugleich sinnbildlich für die Schlafzimmerfenster stehen, hinter denen die Songs in der Pandemie entstanden, wurde grafisch toll umgesetzt. Ein markantes Cover, das durch die Farben stimmungsaufhellend wirkt.

D'Gestaltung vum Cover gouf vun der Agence Cropmark gemaacht. Mir soen hinne villmools Merci fir hir Aarbecht a gratuléiere fir de Präis.