D'Véronique Faber bleift Verwaltungsrotspresidentin vum radio 100,7

Véronique Faber

Der Véronique Faber hiert Mandat als Verwaltungsrotspresidentin vum Média de Service public 100,7, dem Etablissement public, deen de radio 100,7 bedreift, gouf fir fënnef Joer erneiert. De Verwaltungsrot huet dat a senger Sëtzung vum 20. September 2022 eestëmmeg beschloss.

Et ass fir d'éischt, datt d'Gesetz vum 12. August 2022, dat dem fréieren Etablissement de radiodiffusion socioculturelle en neie Kader an, mat "Média de Service public 100,7" och en neien Numm ginn huet, ugewant gouf. D'Verwaltungsrotsmemberen an d'Presidence ginn elo net méi vun der Regierung erausgesicht. Nei Membere ginn, bis op déi dräi Staatsvertrieder, vum Verwaltungsrot selwer proposéiert. De Verwaltungsrot bestëmmt och selwer, wien d'Presidence iwwerhëlt.

D'Véronique Faber ass zanter Enn 2018 Member vum Verwaltungsrot vum 100,7 an zanter November 2019 Presidentin.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen