Radioen

On air

Tockcity  |  Medium Build - Crying Over U

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwer d'Méiglechkeeten Schoul ausserhalb vum Klassesall ze halen a wéi ee sech am beschten uleet, fir op dee Wee ze goen.

Iwwer d'Méiglechkeeten Schoul ausserhalb vum Klassesall ze halen a wéi ee sech am beschten uleet, fir op dee Wee ze goen.

Iwwer d'Méiglechkeeten Schoul ausserhalb vum Klassesall ze halen a wéi ee sech am beschten uleet, fir op dee Wee ze goen.

Am Prinzip kann ee praktesch all Schoulfach och ausserhalb vum Klassesall léieren. Naturwëssenschafte souwisou, mee och Fächer wéi Mathe, Sproochen an anerer kënnen doduerch vermëttelt ginn, andeems een als Léierpersoun d'Ëmwelt virun der Dier an den Unterrecht mat abaut. Dat bedeit net zwangsleefeg, datt ee méi Ressourcë brauch. Awer natierlech verlaangt dat e bëssen eng aner Organisatioun vun der Léiergrupp. Doriwwer an iwwer eng ganz Rei vu flotte Projeten, déi am Kader vum Léieren dobaussen an deene leschte Joren am Schoulsystem entstane sinn, ginn an dësem Webinaire virgestallt, an deem interesséiert Enseignanten awer och gewuer ginn, wéi si Léieren dobausse kéinte gestalten.

Dräi Expertinnen an een Expert am Studio diskutéieren iwwer d'Méiglechkeeten, déi et fir en Unterrecht ausserhalb vum Klassesall ginn a wéi ee sech am beschten uleet, fir op dee Wee ze goen. Zousätzlech sinn an der Emissioun Analyse vun enger Rei Expert:innen zu verschiddene Facette vum Theema ze héieren.    

Invitéen am Studio sinn:  

- d'Andrea Fiedler, Erzéiungswëssenschaftlerin an am Konzeptteam vun der Initiativ Fuerschen Dobaussen  

- d'Véronique Kohnen, Enseignante am Zykel 3 an am Konzeptteam vun der Initiativ Fuerschen Dobaussen

- d'Renée Fretz, Enseignante am Zykel 1 zu Wolz  

- de Pit Mischo, Ex-Schoulmeeschter a Grënner vun der Naturschoul Lasauvage

Moderatioun: Christiane Kleer

Kuckt a lauschtert dee ganze Webinar.