Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Webinar, zesumme mam SCRIPT, iwwer Participatioun, Schutz a Fërderung vun de Kannerrechter an der Schoul

E Webinar, zesumme mam SCRIPT, iwwer Participatioun, Schutz a Fërderung vun de Kannerrechter an der Schoul

E Webinar, zesumme mam SCRIPT, iwwer Participatioun, Schutz a Fërderung vun de Kannerrechter an der Schoul

D'Kannerrechtskonventioun gouf den 20. November 1989 vun der Assemblée générale vun de Vereenten Natiounen ugeholl. 1993 gouf se zu Lëtzebuerg a Kraaft gesat - also viru genee 30 Joer.

Déi 54 Artikelen déi drastinn, gëlle fir all Mënsch ënner 18 Joer. Vun dëse Rechter kann een awer nëmme profitéieren, wann ee se och kennt. A se versteet.

Fir datt all Kanner hir Rechter kennen, ass et d'Flicht vun der Regierung dës Rechter bekannt ze maachen a Plazen ze schafen, wou Kanner sech kënnen Hëllef sichen, wa si hir Rechter blesséiert oder ënnergruewe fannen.

De Service des droits de l'enfant, den Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher, den Office National de l'enfance an den Zentrum fir politesch Bildung sinn nëmmen e puer vun de sëllege Plazen, déi sech fir d'Verbreedung, d'Anhalen an d'Iwwerwaache vun de Rechter vun de Kanner a Jugendleche bis 18 Joer asetzen.

Mat hinnen zesumme bitt de SCRIPT mam radio 100,7 e Webinar un: Kannerrechter: Participatioun, Protektioun a Provisioun. Fir jiddwereen, dee sech fir déi Erwuesse vu muer interesséiert.

Invitéiert fir dëse Webinar sinn:

Marguerite Krier
Chef vum Service des droits de l'enfant am Educatiounsministère

Michèle Schilt
Directrice adjointe vum ZpB, Zentrum fir politesch Bildung

Michèle Bressanutti
Directrice vum ONE, Office National de l'Enfance

Charel Schmit
Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher

Moderatioun: Natasha Ehrmann

Donieft héiere mir weider Aussoe vu Jonken an Erwuessenen iwwer déi aktuell Situatioun vun de Kannerrechter zu Lëtzebuerg. Jiddwereen, deen eng Fro huet, kann déi wärend dem Webinar stellen, iwwer d'E-mail fro@webinar.lu, oder mat engem WhatsApp-Message op de 621 44 00 44.

De Webinar kann och per Livestream op der Websäit vu radio 100,7 (www.100komma7.lu) gekuckt ginn, no der Live-Ausstralung ass d'Emissioun och am Radiosarchiv ze fannen.