Mediathéik

24. Juli 2021

  • 07:00 - 11:00

    Weekend-Magasinn

    • 07:00
      Noriichten
    • 07:10
      Dagdeeglech Virun 118 Joer gouf d'Adolphe-Bréck an der Stad fir de Verkéier fräiginn

      Déi deemools weltwäit gréisst Bréck aus Hasteen

    • 07:20
      Magasinn Violence.lu

      Gewalt am Stot ass net als Fatalitéit hinzehuelen an och net ze verharmlosen. Den traurege Constat bleift, datt fir vill Leit hiert Doheem eng onsécher Plaz ass.

    • 07:30
      Noriichten
    • 07:40
      Kultur Vicky Krieps

      Déi international Press huet sech zu Cannes op déi lëtzebuergesch Schauspillerin gestierzt. An net manner wéi dräi Produktiounen war si um Film Festival ze gesinn. 

    • 07:50
      Nationale Wochespigel

      D'Iwwerschwemmungen: mat den Opraumaarbechten an der Diskussioun, wat een draus léiere kann, hunn déi national Aktualitéit dës Woch dominéiert. 

    • 08:00
      Panorama

      Iechternacher Lycée uerg duerch Iwwerschwemmunge getraff / ADR fuerdert Verfassungsreferendum / Neit Arméisgesetz mat neie Karriären / Olympesch Spiller zu Tokyo lancéiert

    • 08:15
      Presserevue

      D'Héichwaasser, d'Nohaltegkeet oder d'Reform vun der Arméi sinn haut d'Opmaacher vun der Lëtzebuerger geschriwwener Press.

    • 08:30
      Noriichten
    • 08:38
      Kultur Dem Christoph Wiesner seng Programmatioun fir Arles

      Ënner 90 Kandidaten war de Museolog a Konschthistoriker Christoph Wiesner als neien Direkter fir d'Rencontres d'Arles zeréckbehale ginn.

    • 09:00
      Panorama

      Iechternacher Lycée uerg duerch Iwwerschwemmunge getraff / ADR fuerdert Verfassungsreferendum / Neit Arméisgesetz mat neie Karriären / Olympesch Spiller zu Tokyo lancéiert

    • 09:20
      Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

      Vu wou kënnt de Buschtaf s hier, zum Beispill bei "Wann s de wëlls!"?

    • 09:40
      Lëtzebuerger Flouernimm Clôche d'Or

      Do war nämlech scho laang virun der haiteger Aktivitéitszon eng déck lass.

    • 10:00
      Noriichten
    • 10:15
      Rendez-vous um Weekend Dany de Muyser

      Direktesch vun der ASBL Chaîne de l'Espoir Luxembourg

    • 10:30
      De leschte Bréif Paul Verlaine

      "Cher Monsieur, Je vous écris cet accusé de réception de vingt francs et des épreuves que je vous retourne.", dem Dichter säi leschte Bréif ass un de Pierre Dauze adresséiert.

    • 10:45
      Mikro-Trott Stad Lëtzebuerg

      Wat mécht eis Haaptstad aus?

  • 11:00 - 11:03

    Noriichten

  • 11:03 - 11:30

    Grousse Kino

  • 11:30 - 12:00

    Apéro Time Playlist Paul Kirps

    De Lëtzebuerger Kënschtler mat enger Selektioun vun Indie Pop a -Rock Nummeren aus de leschten 20 Joer.

  • 18:00 - 18:10

    Panorama

  • 18:10 - 19:00

    Trendscheif

    Mat neier Musek vun Torres, Anika, Nina Savary an Deerhoof

  • 19:00 - 20:00

    Mat Groove a Séil

    Groovy Lidder, vu Soul bis Funk iwwer Jazz, Haaptsaach et groovt!

  • 20:00 - 21:00

    Ligne 2

    Mat all de Funk Oldies vu Kool and the Gang, Roy Ayers, Bill Withers, Deedeesharp an nach vill aneren

  • 21:00 - 22:00

    Palatino FM

  • 22:00 - 23:00

    E-Lodie

    Mat Neivirstellunge vu Marco Giambrone, Ambalek, Moss Covered Technology, a vu villen aneren!

  • 23:00 - 23:59

    Papperlapop Cochemea

    "Vol. II Baca Sewa" - Eng Rees an dem Museker seng ur-amerikanesch Originnne mat Saxofon an enger Hellewull Perkussioun

  • 00:00 - 07:00

    Notturno

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Dossieren

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat enger Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen