Radioen

On air

De Moien  |  Kresse 3 - Holz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een Album lëtzebuergesch Gedichter

Episoden

Putty Stein (1887-1955): Vu Paräis erëm

Dausende jonk Lëtzebuergerinne vum Land waren tëscht 1880 a 1920 am Ausland a bourgeoisen Haiser am Déngscht.
headphones

0 min

Jean-Michel Treinen (1954-2015): dee mat der rat

E gefonntent Friessen fir bëllegt Staminets-Gebraddels.
headphones

0 min

Wilhelm Weis (1894-1964): Méng Mamm / Léif Mamm

Eent vun de populäerste Gottesmamm-Gedichter.
headphones

0 min

Auguste Liesch (1874-1949): Den Taucher

Den Auteur gehéiert ënner d'Humoriste vun eiser Literatur.
headphones

0 min

Joseph Keup (1891-1981): Honger am Kazett

Eng Rei Gedichter iwwert d’Aarmséilegkeet vum KZ-Liewen.
headphones

0 min

Marcel Reuland (1905-1956): Al Haiser

An enger Zäit, wéi vill Ales ofgerappt gouf, huet de Marcel Reuland iwwer “d’Séil“ vun den alen Haiser geschriwwen.
headphones

0 min

Putty Stein (1888-1955): Nationalmarsch

An engem memorabele Gedicht bléist de jonke Student Putty Stein all nationalem Getéins fatzeg de Marsch.
headphones

14 min

play_arrow

Willy Goergen (1867-19429): Bauer, gëf!

D’Krichswanteren 1916/1917 waren Hongerzäiten, besonnesch fir déi kleng Leit an de Stied.
headphones

11 min

play_arrow

Antoine Meyer (1801-1857): D’Porzelain an d’ierde Schierbel

Am Gedicht geroden e Räichen an en Aarmen zerguttstert unenaner.
headphones

0 min

Jean-Baptiste Nau: E Stuerm um Mier

Ee vun de Lëtzebuerger, déi an den USA op Lëtzebuergesch publizéiert hunn, beschreift seng Angscht während engem Stuerm op dem “grousse Pull“.
headphones

0 min

Tit Schroeder (1911-1986): E Mënscheliewen

E bësse résignéiert, e bësse fatalistesch kuckt den Auteur op eis zäitlech geléinten Existenz.
headphones

0 min

Michel Rodange (1827-1876): E Luew op d'Bunn

Och beim Rodange fënnt sech e schéine Passage iwwer d’Damppäerd, dat Transportmëttel, dat eng nei Zäit agelaut huet.
headphones

0 min

Roger Manderscheid (1933-2010): wéi op kuelen

E “Synonyme-Lexikon“, dee vum duusse Gepëspers bis bei d’erotescht Getéins geet.
headphones

0 min

Michel Lentz (1820-1893): De Schéierschlëffer

Am Wierk vum Auteur fanne sech eng Rei Gedichter iwwer "kleng Beruffer": de Lompekréimer, den Neelschmatt, de Schéiren- a Messer-Schläifert.
headphones

0 min

Dicks: Eng Däiwels-Ausdreiwung an der Katedral

Wéi déi liberal Bourgeoisie am Clinch louch mat de konservative Klerikalen, huet 1842 de Vikär Johannes Theodor Laurent eng exorzistesch Séance praktizéiert.
headphones

0 min

Pir Kremer (1919-2000): Un e Cabaretist

D'Gedicht befaasst sech mat de Chancen a Grenze vum kritesche Schreiwen am Cabaret.
headphones

0 min

Nik Guelf (1876-1942): Wanterowend doheem

Mir sinn op engem klenge Bauerenhaff am Sauerdall ëm 1890. Eng modest Welt, ouni all d’Vitess an d’Opreegung vun eiser moderner Zäit.
headphones

0 min

Marcel Reuland (1905-1956): Am Walzwierk

D’Liicht- a Schiet-Spill vun de Feiere ronderëm Héichuewen, Stolwierk a Walzestrooss hunn den Auteur faszinéiert.
headphones

0 min

Nik Gonner (1835-1892): Ons nei Hémecht

Den Auteur zielt a sengem Gedicht d’Virdeeler op vum amerikanesche Gesellschafts-Modell fir de klenge Mann.
headphones

0 min

Willy Goergen: De läschte Gank

Den Auteur beschreift hei op eng ergräifend Manéier d'Liewesenn vun enger aler Bauerefra.
headphones

0 min