
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden


Monique Reiff
Déi nei Regierung wëllt d’Spideeler entlaaschten, andeems se méi klengen Dokteschpraxisse méi Méiglechkeete gëtt. Mee déi festagestallte Spidolsdoktere si skeptesch. Mir froen hir Presidentin firwat.

Isabelle Schlesser
D’Ekonomie dréit am Moment méi lues, an de Chômage klëmmt. Wéi vill Suerge muss ee sech fir 2024 maachen? Mir froen d’Direktesch vum Aarbechtsamt ADEM.

Shirley Feider
Wou gëtt et am Ëmgang mat de Patienten nach Loft no uewen? Dat froe mir d'Presidentin vun der CAPAT, dem Daachverband vun de Patientenassociatiounen.

Raymond Conzemius
En Ausbléck op d'Olympesch Spiller vu Paräis mam techneschen Direkter vum COSL

Carole Hartmann
Réckbléck op en erfollegräicht Superwaljoer, mat der DP-Generalsekretärin an neier Iechternacher Buergermeeschtesch.

Djuna Bernard
2023, en Annus horribilis fir déi gréng. Réck- an Ausbléck mat der Co-Presidentin vun der Partei.

Julien Licheron
Wéineg Aktivitéit um Lëtzebuerger Wunnengsmaart am 3. Trimester 2023: d’Analys vum LISER-Fuerscher

Tom Haas
Déi nei Note de conjoncture vum STATEC zeechent kee rosegt Bild vun eiser Ekonomie. Ee vun hiren Auteuren erkläert.

Fred Keup
Geet et eiser Sprooch esou gutt oder esou schlecht wéi ni? Dat zweet, seet den ADR-Fraktiounschef.

Yuriko Backes
Mobilitéit, ëffentlech Bauten, Verdeedegung an Egalité sinn déi nei Ressorte vun der Ex-Finanzministesch.

Luc Frieden
No engem Mount an engem Dag als neie Regierungschef: Froen un de Premier.

Serge Wilmes
No der COP28 zu Dubai: Froen un den neie Lëtzebuerger Ëmweltminister.

Monique Hermes
Froen un déi nei Buergermeeschtesch vu Gréiwemaacher, déi de Léon Gloden un der Spëtzt vun der Gemeng ersetzt

Léon Gloden
Den CSV-Inneminister Léon Gloden huet gréng Luucht gi fir dat ëmstriddent Policereglement vun der Stad Lëtzebuerg iwwert den Heescheverbuet

Diversitéit vun der Lëtzebuerger Sproochelandschaft
D'Lëtzebuergescht als Haaptsprooch Doheem an op der Aarbecht an an der Schoul hëlt of, aner Sproochen diversifiéieren d'Sproochelandschaft

Antoine Fischbach
No der Publikatioun vu PISA 2022 - ouni Lëtzebuerg: Froen un de “Mister Schoulmonitoring” vun der uni.lu

Joëlle Welfring
D’COP28 an d’Klimapläng vun der neier Regierung sinn Theemen am Gespréich mat der Deputéierter vun déi gréng.

Guy Castegnaro & Robert Schneider
E Gespréich mat den zwee Co-Auteure vum Buch “De Casteg” iwwer de Gewerkschaftsleader John Castegnaro
