Mëttes-Concert
Mëttes-Concert
0 min
Ënnert dem Titel Titanen – Rota Fortunae hunn d’Solistes Européens, Luxembourg hir nei Saison an der Philhamonie den 21. September 2015 ugefaangen. D’Direktioun hat de Christoph König. De Manuel Ribeiro proposéiert nieft dësem Concert e Gespréich mam Jeannot Sanavia, dee fir den Owend eng Pièce als Commande, als Kreatioun, presentéiert huet.Um Programm: Jeannot Sanavia (*1962), Hélice (oeuvre commandée par le Ministère de la Culture et inspirée d’une fresque de Sonia Delaunay);Hans Rott (1858-1884), Symphonie Nr. 1 a mi majeur: Alla Breve;Gustav Mahler (1860-1911), Symphonie Nr. 1 a ré majeur Titan (Kammerversion vum Fernando Buide del Real). (Rediff. vu mëttwochs, 20:00)