Mëttes-Concert
Optakt-Concert Gustavo Gimeno
0 min
Fréi Wierker vu Komponisten, déi d'Musek am Ufank vum 20. Joerhonnert marquéiert hunn – dat war de roude Fuedem vum Gustavo Gimeno sengem éischte Concert als Chefdirigent vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg. Um Programm stoungen dem Gustav Mahler seng éischt Symphonie, 7 frühe Lieder vum Alban Berg an de Concerto Românesc vum György Ligeti. De Guy Engels presentéiert e Live-Matschnëtt vun dësem Concert, de 24. September an der Philharmonie. An der Paus héiert Dir ee Gespréich mam Gustavo Gimeno. (Rediff. vu mëttwochs)