Mëttes-Concert
Rareté et intimité
0 min
De Richard Galliano ass weltwäit ee vun de bekannste franséische Museker. Säin Numm ass Symbol gi fir d’Instrument Akkordeon, am klassesche wéi am Jazz Repertoire.
«C’est un instrument qui a été longtemps exclusivement associé aux orchestres de bal, et qui était donc méprisé», esou de Richard Galliano.
Ënnert dem Moto “Rareté et intimité”, war den 14. Dezember 2015 e Concert an der Philharmonie mat den Solistes Européens, Luxembourg, ënnert der Direktioun vum Christoph König a mam Richard Galliano als Solist.
Um Programm:
Johann Sebastian Bach: Concerto fir Gei an Orchester Nr.1, BWV 1041;
Sofia Gubaidulina: Méditation sur le choral de Bach “Vor deinem Thron tret ich hiermit” BWV 668;
Antonio Vivaldi: L’Estate et l’Autumno, des Quatre Saisons;
Piotr Illitch Tchaïkovsky: Allegro Vivace du Souvenir de Florence, op.70
Igor Stravinsky: Concerto a re;
Richard Galliano: Valse à Margaux;
Joaquin Turina: La oracion del torrero, op.34;
Astor Piazzolla: Oblivion.
An der Concertspaus héiert Dir Gespréicher mat Dirigenten, Solisten, Orchestermuseker. Presentéiert vum Manuel Ribeiro.