Mëttes-Concert
Den Alpha an den Omega vum däitsche Romantismus mam OCL
0 min
D’Komponisten Anton Webern a Ludwig van Beethoven kéint een als den Alpha an den Omega vum däitsche Romantismus duerstellen. Wat domat gemengt ass, beweist de Concert vum 6. Dezember 2015 an der Philharmonie aus der Serie Akasha vum Orchestre de Chambre du Luxembourg, ënnert der Direktioun vum David Reiland.
Solistin um Piano war d’Virtuosin aus Moskau Anastasia Voltchok.
Um Programm:
Anton Webern: Fünf Sätze op.5;
Camille Saint-Saëns: Concerto pour piano et orchestre nr. 2;
Ludwig van Beethoven: Symphonie Nr. 2.
Presentéiert vum Manuel Ribeiro.