Mëttes-Concert
Direktioun: Christoph König
0 min
2016 ass e Joer, an deem eng Partie Komponisten e wichtege Gebuertsdag feieren. Dem Antonio Lucio Vivaldi, grouss Figur aus dem italienesche Barock, säin 275. Doudesdag gëtt gefeiert. Bekannt war hie virun allem fir säi virtuost Geiespill a seng sëllech Concerti fir dëst Instrument, wéi beispillsweis déi véier Joreszäiten.
En anere bekannte Komponist ass den Tschech Antonin Leopold Dvorak. Am Joer 2016 gëtt säin 175. Gebuertsdag gefeiert.
Vun de Solistes Européens, Luxembourg gi verschidde Wierker vun Antonio Vivaldi an Antonin Dvorak proposéiert, Extraiten aus verschiddene Live-Matschnëtter an deene leschte Joren, ënnert der Direktioun vum Christoph König. Solistin op der Gei ass d’Isabelle van Keulen. Um Programm ë.a.:
Véier Joreszäiten, op.8 vum Vivaldi;
Symphonie Nr. 7 vum Dvorak.
Presentéiert vum Manuel Ribeiro.