Mëttes-Concert
De Walzerkinnek
0 min
Den 3. Januar 2016 war den traditionelle Concert vum Orchestre de Chambre du Luxembourg am Cercle an der Stad, ënnert der Direktioun vum David Reiland. Gaascht war d’Sopranistin Hélène Bernardy, déi eng Partie bekannten Arien aus der Klassik gesongen huet.
De Johann Strauss Fils, de Walzerkinnek, gouf natierlech op dësem Neijoerschconcert geéiert. 1850 war de Wiener Museker op Tournée an Europa an an den USA. Säin Numm gëtt verbonne mam Wiener Charme. Walzer, Polkas an aneres aus deem méi liichte klassesche Genre ginn zu Highlights aus der Klassik. Wierker aus der Fieder vum Strauss, deen dacks mat senger Gei virum Orchester stoung.
De Manuel Ribeiro proposéiert dëse Live-Matschnëtt.