Mëttes-Concert
SEL - Lise de la Salle
0 min
D’Lise de la Salle, eng excellent jonk Pianistin aus Frankräich, war Invitée vun de Solistes Européens, Luxembourg an der Philharmonie den 1. Februar 2016, e Concert, bei deem d’Dammen aus der Musek zu Éiere koumen.
Nieft der Solistin hire Wierker stoungen där vun anere Komponistinnen um Programm:
vun der Lou Koster d’Ouverture Légère a vun der franséischer Komponistin aus dem 19. Joerhonnert, der Louise Farrenc, déi zweet Sinfonie.
De Manuel Ribeiro ënnerhält sech och mat der Lise de la Salle a proposéiert eng Parti Enregistrementer mat hir als Piano Solo oder a Begleedung vun Orchesteren.