Mëttes-Concert
Guinovart - Strauss
0 min
Um Programm:
Te Deum - de laténgeschen Hymnus war a bleift eng beléift Inspiratiounsquell fir Komponisten. 2014 huet dee katalanesche Pianist a Professer fir Kompositioun um Conservatoire zu Barcelona, den Albert Guinovart dësen Hymnus fir duebele Chouer, Piano, Uergel a Perkussioun vertount. Et war eng Commande vum Vivaldi-Chouer aus Katalounien fir säi 25. Anniversaire. D’Première war den 18. Februar 2014 am Palau de la Musica zu Barcelona. Dir héiert de Live-Matschnëtt vun dëser Uropféierung mam Vivaldi-Chouer ënnert der Leedung vum Oscar Boada. Mat derbäi sinn den Arnau Farré, Uergel; de Komponist Albert Guinovart um Piano an de Ramon Torramilans, Perkussioun.
Presentéiert vum Guy Engels.
Tod und Verklärung vum Richard Strauss ass net nëmmen e Meeschterwierk, mee och eng vun deenen erstaunlechste Kompositiounen. Et freet ee sech nämlech, wéi ee jonke Mënsch vu 25 Joer, dee käergesond ass, eng symphonesch Dichtung iwwert den Doud ka schreiwen. E Programm huet de Richard Strauss eréischt 5 Joer no der Uropféierung vun 1889 nogeliwwert. Et geet ëm e kranke Mann a senge leschte Stonnen. Tëscht Attacke vu Péng mësche sech schéin Erënnerungen un d’Liewen, bis schlussendlech d’Séil erléist gëtt. De Karl Böhm dirigéiert d'Staatskapelle Dresden.