D’Regierung plangt fir den Ausnamezoustand an der Verfassung ze verschäerfen. Kritiker warne viru Gefor vu Mëssbrauch. Wat fir Instrumenter soll sech e Staat ginn, fir d’Sécherheet vun de Bierger a gläichzäiteg hir Fräiheeten ze garantéieren? Doriwwer hu Juristen a Politiker um Max Planck Institut fir Rechtswëssenschaften diskutéiert. Eng Table-Ronde vum 24.5., moderéiert fir den 100,7 vum Mick Entringer.
Dobäi waren: Robert Biever, Alex Bodry, Véronique Bruck, Luc Heuschling, Serge Urbany a Frank Wies, esou wéi de Stefan Braum an de Gilbert Pregno.
Déi ganz Table Ronde op eisem Internetsite