De Bodo Busse ass den neien Intendant vum Saarbrécker Staatstheater. Hie kënnt vum Landestheater Coburg op Saarbrécken. Virun e puer Deeg gouf net nëmmen de Programm fir déi nei Saison, mä och déi nei Equipe ronderëm den Intendant virgestallt. Oper, Theater, Symphonieconcerten: Saarbrécken ass e Véier-Spartenhaus, dat ënner anerem fir seng Opereproduktioune bekannt ass. "Europa gefährdet" ass de Motto vum Programmkonzept, dat de Bodo Busse dem Manuel Ribeiro erkläert huet.
arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Europa gefährdet"
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
